Debatt ëm Heescheverbuet a kënschtleresch FräiheetChamberpresident rifft ADR-Deputéierte wéinst Kommentar op e Gespréich

Roy Grotz
D'Causa Weidig/Gloden/Tonnar/Schneider kritt och elo e politescht Nospill.
© RTL-Archiv

Nodeems den ADR-Deputéierten Tom Weidig sech an der Karikatur-Affär ëm Graffiti-Sprayereien op der Fassad vum Policeminister Léon Gloden bewosst mëssverstane fillt, kënnt lo e politesche Volet dobäi.

D’Diskussiounen ëm d’Fräiheet vu Kultur a Konscht am Bezuch op dat villdiskutéiert Heescheverbuet hu sech haaptsächlech an de soziale Reseauen ofgespillt. Elo muss sech den ADR-Deputéierten Tom Weidig och um Niveau vun der Chamber explizéieren.

Sou wéi et ënner anerem d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding gefuerdert hat, gëtt sech lo och an der Conférence des Présidents mam Sujet befaasst.

Wéi RTL vum Chamberpresident Claude Wiseler confirméiert krut, ass den Deputéierte Weidig virop emol an eng Entrevue mam him an dem Vize-President Mars Di Bartolomeo geruff, fir seng Vue duerzeleeën.

Duerno da gëtt Enn d’nächst Woch Rapport iwwer dës Entrevue um Niveau vun der Presidenten-Konferenz gemaach - et ass sech awer net z’erwaarden, datt et zu weidere Suitte kënnt, well den Deputéierten Tom Weidig seng Aussoen net am Kader vu parlamentareschen Aarbechte gemaach huet.

Och en Donneschdeg den Owend hat sech d’ADR op hirer Neijoerschreceptioun kloer fir en Heescheverbuet ausgeschwat. Wat beim Haus vum Léon Gloden geschitt wier, wier och méi wéi nëmme Vandalismus, esou de Parteipresident Fred Keup.

Et kéint net sinn, datt Politiker op sou eng Aart a Weis géifen intimidéiert ginn. Vläicht kéimen déi Responsabel fir d’Sprayer aus dem lénksradikale Milieu, sou de Fred Keup virun der Parteibasis.

Back to Top
CIM LOGO