Et wëll een den Elan aus de Chamberwale mat eriwwer an d'Europawalen huelen, dat ee vun de Constate vun der Partei.

D'Ambitioun vun der Partei ass et déi éischte Kéier an hirer Geschicht e Sëtz am Europaparlament ze kréien. Wann een den Elan aus de leschten zwou Wale géif mathuelen, kéint een de Sëtz, deen ee bei de leschten Europawale knapps net krut, kréien, esou de Parteipresident Fred Keup. ADR wier fir en Europa vun de Natiounen

"Mir si fir en Europa vun de Natiounen. Mir sinn dofir, dass d’Länner eng gewësse Souveränitéit behalen an dat heescht, dass mer dogéint sinn, dass ee Super-Staat op eemol gëtt an dass déi Länner ophalen ze existéieren”, esou de Fred Keup. D’Länner an der EU misste wuel zesumme schaffen, wou awer nach all Land seng Souveränitéit géif behalen. Inoffiziell wier de Fernand Kartheiser als Spëtzekandidat gesat, alles anescht wier eng Iwwerraschung, offiziell soll dës Decisioun an de nächste Woche gemaach ginn.

Déi nei Regierung géif doru gemooss ginn, wat se um Enn géif ëmsetzen. Fir den ADR wieren d’Entwécklung vun der Kriminalitéit an der Aarmut, souwéi d’Fro, ob weider Lëtzebuerger missten an d’Ausland liewe goen, dräi Parameter, un deenen een déi CSV-DP-Regierung géif moossen.

ADR fir Heescheverbuet a verurteelt Vandalismus un Haus vum Inneminister

D’ADR wier kloer fir en Heescheverbuet. Wat beim Haus vum Léon Gloden geschitt wier, wier och méi wéi nëmme Vandalismus, esou de Fred Keup am Interview:

“Ech fannen dat, a mir als ADR fannen dat, wat do beim Här Gloden geschitt ass mat de Pneuen, déi futti gepickt gi sinn, ganz schro. Dee leeft nach ëmmer fräi ronderëm. Dat ass fir eis net gutt. Mir wëllen dat net. Mir hunn eng staark Demokratie an et kann net sinn, dass Politiker hei ageschüchtert gi vu Leit, ech wëll net spekuléieren, mee mir soen elo mol et vläicht aus engem lénksradikale Milieu. An dat kann net sinn. An do musse mir eis alleguerten dogéint stellen. A wann ee vu Vandalismus oder eppes schwätzt oder vu Schmierereien, dann ass dat eng Verharmlosung. Et ass ganz grav.”