
Vum 1. Januar u sollen d’Steiertabelle jo ëm am Ganze 4 Tranchë berengegt ginn an esou sollen d’Salariéeë jo um Enn méi Netto vum Brutto iwwereg hunn. An hirem Avis hëlt d’Salariatskummer villes vun deem erëm, wat hiren Direkter Sylvain Hoffmann d’lescht Woch scho bei eis op RTL sot.
D’Upassung vum Barème géing an déi richteg Richtung goen, mee dat géing net duergoen. Virun allem ass d’Salariatskummer erstaunt, datt d’Steierklass 1A, also fir gescheete Leit a Wittleit, net zousätzlech modifiéiert gouf. Donieft misste weider Steiermesuren, respektiv Seuile fir an de Genoss dovunner ze kommen, och un d’Inflatioun ugepasst ginn.