En Donneschdeg de Moie waren d'Upassung vum Steierbarème an d'Kafkraaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vum 1. Januar u soll all Salarié méi Netto vum Brutto hunn: D'Regierung huet jo eng Upassung vum Steierbarème u 4 Indextranchen an der Chamber deposéiert. "Et geet an déi richteg Richtung, mee et geet net duer", sot dozou den Direkter vun der Salariatskummer, de Sylvain Hoffmann, e Mëttwoch de Moien de Moien hei op RTL. Hien huet betount, datt déi Upassung un d’Inflatioun kee Steierkaddo ass, mee d’Leit kréichen u sech eppes zeréck, wat se virfinanzéiert hunn. Den Direkter vun der Chambre des salariés huet och drop higewisen, datt zanter der leschter Upassung 8 Indextranchen erfall sinn a well de Barème net ugepasst gouf, géing de Lounausgläich duerch den Index net voll spillen. Fir en Duerchschnëttsloun géinge mat der geplangter Upassung nach eng 1.200 Euro d’Joer Netto feelen, déi een u sech zegutt hätt.

Dobäi kéim nach, datt aner steierlech Mesuren ewéi Ofschreiwungsméiglechkeeten zum Deel schonn zanter 30 Joer net méi un d’Inflatioun ugepasst goufen, sou de Sylvain Hoffmann. D’selwecht fir de Steierkredit fir Salariéen a Rentner. 2017 hätten 80% vun de Leit dee kritt, mee well de Seuil net adaptéiert gouf, wieren et elo just nach 70%.

Niddreg a Mëttelrevenue simuléieren d’Wirtschaft

Alles un d’Inflatioun upassen, géing dat dem Staat net ze vill kaschten? Dem Sylvain Hoffmann no misst een dann iwwert nei Steierrecetten nodenken. Den Direkter vun der Salariatskummer huet drop higewisen, datt de Barème an den 90er Joren an duerno immens kompresséiert gouf. Zwar wier de Revenu exonoré an d’Luucht gesat ginn, mee gläichzäiteg gouf de Spëtzesteiersaz erofgesat. A sengen Ae misst een de Barème nees "auserneen zéien", de Barème misst och "ënne weider eropgoen" an am Barème "uewen Tranchë bäisetzen".

Donieft huet hien drop higewisen, datt vill aner Revenuen ewéi Kapitalerträg manner oder guer net besteiert ginn. Bei engem Duerchschnëttsloun géing een ëm 31% Steiere bezuelen, beim selwechte Loun, mee ënner Form vun Dividende wier et 7 Mol manner. D’CSV an d’DP si jo awer géint eng Hausse vum Spëtzesteiersaz a géint eng Verméigenssteier fir d’Leit, well an hiren Aen d’Land misst weider attraktiv sinn. Fir de Sylvain Hoffmann wier dat e "Schlagwuert": Hien huet op d’Soparfi (Holdingen), wou och gefaart gouf, se géingen all verschwannen, wat awer net geschitt ass. Wann ee wéilt d’Aktivitéit stimuléieren, da misst een dem Direkter vun der Salariatskummer no besonnesch déi niddreg a mëttel Revenuen entlaaschten, well et déi wieren déi och am meeschte Suen ausginn.

Essentiel Beruffer? Do war dach eppes

Ugeschwat op d’essentiel Beruffer, déi dacks manner gutt bezuelt ginn ewéi manner essentiel Beruffer, war de Sylvain Hoffmann averstanen, datt een eng Diskussioun iwwert d’Gehälter-Strukture misst féieren. Eng Diskussioun, déi kuerz wärend der Pandemie ugeschnidde gi war, mee zanterhier nees ofgeflaacht ass. Fir deene wichtege Beruffer entgéintzekommen, kéint een a sengen Aen awer schonn de Mindestloun an d’Luucht setzen oder weider Kollektivverträg fërderen.

Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.