"Women in War", Fraen am Krich. Dat ass d'Expo vun der bekannter Fotografin Lynsey Addario, déi nach bis Enn des Joers am Nationale Resistenzmusée zu Esch ze gesinn ass. Wéi huet sech d'Roll vun der Fra am Krich iwwert d'Jore verännert? Wéi ënnerscheet sech de Bléck op de Krich duerch d'Lëns vun enger weiblecher Journalistin par Rapport zu hirem männlechen Homolog? A méi allgemeng: wéi een Impakt hu Fotoen op d'Commemoratioun vu Kricher? A wéi bréngt een déi jonk Generatioun dozou, sech nach dofir z'interesséieren? Dat froe mer d'Charlotte Pinon. D'Historikerin a Pedagogin am Resistenzmusée zu Esch ass e Freideg de Moie kuerz no 8 Auer eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.