Et gouf e provisorescht FuerverbuetChauffer fiert ënner Drogenafloss duerch d'Rettungsgaass

RTL Lëtzebuerg
De Polizisten ass bei der Kontroll vum Gefier de Geroch vu Cannabis opgefall.
© Laurent Weber

E Freidegnomëtteg krut d'Police e Gefier gemellt, dat op der A3 géing duerch d'Rettungsgaass fueren. D'Beamte konnten dëst kuerz drop stoppen. Wéi si de Chauffer kontrolléiert hunn, ass hinnen e Cannabisgeroch opgefall. En Drogentest, dee beim Chauffer gemaach gouf, war dann och positiv. D'Beamten hunn e provisorescht Fuerverbuet verhaangen.

Géint 1:50 Auer an der Nuecht op e Samschdeg krut d'Police dann e Gefier gemellt, dat a Schlaangelinnen iwwer d'A7 géif fueren. Eng Patrull huet de Won gestoppt an de Chauffer kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an och hei gouf et e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO