
Et gouf kee beim Accident verwonnt. De betraffene Chauffer konnt kuerz drop vun der Police ermëttelt an och ugetraff ginn. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass den Automobilist schonn e Fuerverbuet hat. Dobäi koum, dass den Alkoholtest positiv ausgefall ass. E weidert provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt an op Uerder vum Parquet gouf den Auto séchergestallt an e Protokoll geschriwwen.
Och zu Bettenduerf war Alkohol am Spill, wéi enger Patrull en Automobilist opgefall ass, deen am ZickZack duerch d’Duerf gefuer ass. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.