
De Chauffer ass awer kuerz virun deems, datt d'Rettungsequippen op d'Plaz komm sinn, fortgelaf. Well net gewosst ass, wéi blesséiert d'Persoun ass, gouf no dëser gesicht.
Déi Aktioun gouf awer géint 21 Auer ofgebrach. De Chauffer konnt net fonnt ginn.
D'Plaz vum Accident war deen Ament geraumt. D'Gefier gouf ofgeschleeft.
Um Méindeg den Owend war et den Appell un d'Populatioun, fir all eventuell am Gesiicht blesséiert Persoun no vum Gaasperecher Kräiz direkt dem 113 ze mellen an och kee mam Auto matzehuelen.