ZeienopruffChauffer verléiert Kontroll iwwer Auto - trotz Reanimatiounsversich gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie kuerz no 8 Auer ass et an der Rue Clairefontaine zu Dikrech zu engem Accident komm, bei deem eng Foussgängerin ugestouss gi war.

Wéi d’Police schreift, hat de Chauffer éischten Erkenntnisser no d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, woubäi hien d’Foussgängerin ze pake krut an an engem Gruef zum Stoe koum.

Wéi d’Rettungsdéngschter op der Plaz ukoumen, war den Automobilist net méi uspriechbar. Trotz Reanimatiounsversich ass de 50 Joer ale Mann nach op der Plaz gestuerwen.

D’Foussgängerin gouf no enger Éischtversuergung an d’Spidol bruecht.

Fir de geneeën Oflaf vum Accident ze klären, sicht d’Police no Zeien. All Hiweiser si fir de Policebüro vun Dikrech/Veianen ënnert dem +352 244 80 1000 oder per Mail u police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu. Eng Autopsie gouf ugefrot, fir déi genee Doudesursaach ze klären.

Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, goufen zwou Ambulanzen aus der Nordstad, den Ettelbrécker SAMU an d’Pompjeeën Nordstad an den Asaz geruff.

Weider Accidenter

Kuerz virun 10.30 Auer huet et dann zu Bartreng an der Lëtzebuerger Strooss gerabbelt. Zwee Autoe waren implizéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.

Wéi de CGDIS schreift, koum et e Méindeg géint 15 Auer zu engem weideren Accident zu Dikrech. An der Rue de Stavelot gouf eng Persoun vun engem Motorrad ugestouss a blesséiert. d’Rettungsekippen aus der Nordstad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO