Accident zu DummeldengChauffer vu bloem Toyota Yaris huet sech der Police gestallt

RTL Lëtzebuerg
E Motorradsfuerer ass bei engem Accident op der N11 en Dënschdeg géint 16.20 Auer schwéier blesséiert ginn.
© Noah Pinto

D'Police war doropshin op der Sich nom Chauffer, deen den Accident verursaacht huet. Gesicht gouf an deem Kontext e bloen Toyota Yaris.

Kuerz nom Opruff vun der Police huet de gesichte Chauffer sech gestallt.

Den Accident ass en Dënschdeg géint 16.20 Auer zu Dummeldeng op der N11, also der Iechternacher Strooss, geschitt.

Back to Top
CIM LOGO