
En Donneschdegmoie krut d'Police en Accident tëscht enger Camionnette an enger E-Trottinett op der Kräizung tëscht der Rue des Jardins an der Route de Longwy zu Péiteng gemellt. Eng Patrull vun der Police konnt déi bedeelegt Persounen op der Plaz untreffen. En Drogentest, dee beim Chauffer vun der E-Trottinett gemaach gouf, war positiv. Hie koum nom Accident mat Blessuren an d'Spidol.
Wéi d'Polizisten d'Trottinett, op där de Mann ënnerwee war, kontrolléiert hunn, hu si ausserdeem festgestallt, dass dës eng däitlech méi héich Héchstgeschwindegkeet hat, ewéi gesetzlech erlaabt ass. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir de geneeën Oflaf vum Accident erauszefannen.
An der Nuecht op e Freideg krut d'Police dann en Auto gemellt, dee mat engem futtisse Pneu um Belair ënnerwee wier. Eng Patrull vun der Police huet de Won kuerz drop lokaliséiert. En Alkoholtest, dee bei der Fuererin gemaach gouf, war positiv an de Fürerschäi gouf deementspriechend agezunn.