Esch/AlzetteChauffeur fiert ouni Autosbeliichtung iwwert de Boulevard Kennedy

RTL Lëtzebuerg
Géint 3 Auer war den alkoholiséierte Chauffeur hei ënnerwee. De Permis war hien no der Kontroll lass.

E Freideg den Owend goufen dann zu Heischent an am Pommerlach op Tankstelle Alkoholfläsche vun 2 Persoune geklaut. Mat Hëllef vun Zeien an de Kamerabiller konnt d’Police béid Persoune séier fannen a kontrolléieren. D’Fläschen, déi geklaut goufen, goufe confisquéiert an eng Plainte gouf gemaach.
Géint Mëtternuecht gouf d’Police dann e Freideg op Stadbriedemes geruff, dat wéinst haislecher Gewalt. E Mann hat seng Fra geschloen. Do ukomm, huet de Mann sech relativ séier aggressiv verhalen an ass op d’Beamte lassgaangen. Hie gouf festgeholl a koum op der Police-Büro. Kuerz drop gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO