PoliceChauffeur um Steier ageschlof, e puer Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet d'Police op der Strooss e puer Chauffeur ënner Drogenafloss ugehalen.
© RTL (Archiv)

Kuerz virun 1.00 Auer ass eng Policepatrull zu Ettelbréck op en Auto getraff, dee matzen op der Strooss stoung. Wéi d'Polizisten bei den Auto koumen, huet de Chauffer op de Gas gedréckt. D'Beamte sinn dem Won, deen a Schlaangelinnen gesteiert ginn ass, bis an eng Sakgaass nogefuer. De Chauffeur hat Unzeeche vun Alkoholkonsum an hat kee Führerschäin dobäi. Well de maximal zougeloossenen Alkoholwäert iwwerschratt war, gouf d'Prozedur vum Entzuch vum Permis ageleet an e provisorescht Fuerverbuet zougestallt. De Chauffeur an de Besëtzer vum Gefier, dee säin Auto zur Verfügung gestallt hat, kruten e Protokoll.

Beim Ofséchere vun enger Plaz, wou et zu engem Accident komm war, ass op der CR175 zu Käerjeng géint 0.35 Auer en Auto mat héijer Vitesse méi no komm. Bei der Kontroll ass de Beamte de Geroch vu Cannabis aus dem Gefier entgéintkomm, wouropshin den Auto duerchsicht ginn ass. Do goufen dunn e bëssen Haschisch, e puer Titercher, eng kleng Wo a Packungen Tubaksblieder séchergestallt. Den Drogeschnelltest ass positiv ausgefall an de Chauffer koum fir eng Ënnersichung an d'Spidol. Et gouf protokolléiert.

Géint 0.30 Auer ass der Police och an der Stad an der Rue d'Anvers op der Gare e Chauffeur opgefall, deen ze séier ënnerwee war. D'Patrull konnt de Won um Boulevard Charles Marx ausmaachen, deen dunn op eemol matzen an der Strooss gestoppt gouf. De Chauffeur war ageschlof a gouf eréischt wakereg, nodeems d'Beamten e puer Mol widder d'Fënster geklappt hunn. Den Alkoholtest war positiv, sou datt de Permis agezu an e provisorescht Fuerverbuet zougestallt gouf.

An der Rue de Centenaire zu Diddeleng ass kuerz no Hallefnuecht e Chauffeur mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm an ass an den Hecke gelant. De Chauffeur, deen onverletzt bliwwe war an eleng ënnerwee war, huet no Alkohol gericht. Den Test war positiv a wéinst dem ze héijen Alkoholwäert krut hien de Führerschäin ewechgeholl. Ee provisorescht Fuerverbuet gouf zougestallt a Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO