PromotiounsaktiounChinesesch Touristen op Lëtzebuerg kréien

Isabelle Henschen
Et ass déi gréisste Promotiouns-Campagne, fir d’Lëtzebuerger Land als Reesdestinatioun ze promouvéieren, déi et bis dato a China gëtt.
Chinesesch Touristen op Lëtzebuerg kréien
Et ass déi gréisste Promotiouns-Campagne, fir d’Lëtzebuerger Land als Reesdestinatioun ze promouvéieren, déi et bis dato a China gëtt.

Mat Hëllef vun Influencer wëll d’Lëtzebuerger Agence fir Tourismus-Entwécklung a Landespromotioun "Luxembourg for Tourism" jonke chineseschen Touristen, déi op eege Fauscht Europa wëllen entdecken, op de Goût bréngen, fir op Lëtzebuerg ze reesen.

Wärend 2 Deeg hunn déi 12 Influencer all hir Erliefnisser op de soziale Medie gedeelt. Zesummen hu si iwwert 70 Millioune Follower a China. Hir Fotoen, Videoen oder Livestreamen op de chinesesche Plattforme Weibo an Yizhi hu Millioune Klicks a Likes kritt. Luxembourg for Tourism huet dëst an Zesummenaarbecht mat der Wallonie, ETC an anere Lëtzebuerger Partner organiséiert.

Lëtzebuerg ass allerdéngs net dat eenzegt Land, wat bei dëser Aktioun matmécht. An den nächste Woche wäerten d’Influencer 18 verschidden Destinatiounen esou an Europa bereesen an dann duerno a China "Reklamm" fir déi europäesch Reesdestinatioune maachen.

Back to Top
CIM LOGO