Abrëll 2019Chômage op ee Joer gekuckt ëm 0,5% geklommen

RTL Lëtzebuerg
15.453 Persoune waren elo am Abrëll bei der Adem ageschriwwen, 84 méi wéi virun engem Joer.
© RTL Archivbild

Dës Hausse kéint mat den Aschreiwunge fir den neie Revis zesummenhänken, heescht et an engem Communiqué. Do gëllt jo elo en neit Gesetz. Am Abrëll huet d'Adem 2.200 nei Dossieren opgemaach, iwwer 26% méi wéi virun 12 Méint. Parallel si 528 nei Dossiere vun Net-Residenten derbäikomm, e Plus vun 117%. Am Ganze sinn iwwer 2.500 Net-Residente bei der Adem ageschriwwen.

Am Abrëll waren och méi wéi 3.300 oppe Plaze gemellt. Bal 4.300 Leit sinn an enger Beschäftegungsmesure.

PDF: Schreiwes vun der Adem

Back to Top
CIM LOGO