Si solle méi Transparenz, méi Kontroll a méi Verantwortung bréngen. Ënner anerem kann ee méi iwwer den Traitement vu sengen Donnéeë gewuer ginn, et kann ee seng Daten zeréckfroen, de Consentement gëtt méi präzis definéiert an et kritt een d'Recht, fir d'Läsche vun den Donnéeën ze froen. Dat seet de Christophe Buschmann vun der Dateschutzkommissioun, déi hei de Regulateur ass.
Bei der CNPD hätt ee Versteesdemech fir d'Entreprisen déi et elo net einfach haten, fir dat Ganzt ëmzesetzen, besonnesch vill Kleng- a Mëttelbetriber hate sech jo beklot. Et géing elo keng Guillotine falen. Bei der CNPD wier ee raisonnabel an et misst een en Ënnerscheed tëscht enger grousser Entreprise an engem Sportsveräin maachen. De Prinzip vun der Proportionalitéit géing applizéiert ginn, och wat d'Strofen ugeet, bei de Grondprinzipie vun den Texter wäert een awer sécher wéineg Flexibilitéit weise kënnen.
Situatioun net dramatiséieren
D'Leit sollte sech sou gutt et geet informéieren, wa se iergendwou en Accord ginn, esou d'Recommandatioun vun der Kommissioun.
Bei engem eventuelle Verstouss recommandéiert de Christophe Buschmann, fir fir d'éischt mat der Entreprise Kontakt opzehuelen. Wann dat net geet, da kann ee sech un d'CNPD adresséieren.
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de Christophe Buschmann. Thema war dat neit Dateschutzgesetz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren