
Géint 14.30 Auer war um CR119 tëscht Iernzen a Kéideng e Motosfuerer gefall. Den Noutdokter vun Ettelbréck an d’Secouriste aus der Fiels a vu Fëschbech waren hei op der Plaz.
Kuerz viru 15 Auer hate sech dann an der Rue Schaffmill zu Gréiwemaacher zwee Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz vu Mäertert war hei am Asaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.