Et war de Géigendeel vun engem Streik, well et war an hirer Fräizäit, an där eng honnert Leit Iwwerleeungen a Propositiounen ausgeschafft hunn, fir der Klimakris entgéintzewierken. „Fir mech ass et wichteg, d'Natur ze respektéieren", sou de klengen Enzo. Den Olivier ass der Meenung, datt d'Leit op d'Strooss goen a protestéiere mussen, an datt de System sech muss änneren - sief et d'Ernärung, d'Autolobby oder d'Politik.
„T'ass wichteg, datt mir d'Zivilgesellschaft hannert eis kréien", sou d'Danielle. Et géing drëms goen, d'Leit z'iwwerzeegen, „datt aschneidend Aktioune solle passéieren, well de Moment ass dat jo zu Lëtzebuerg guer net sou, datt et doriwwer géing en Acquis ginn". Beschäftegt gouf sech mat enger 15 ganz diversen Themen: Erneierbar Energie, Bio, Finanzwelt, esouguer Architektur, mä och Mentalitéitswiessel oder Rebellioun. „Iwwert d'Technicitéit vun dësen Themen eraus, ass d'Fro, wéi mir et fäerdegbréngen, d'Bewosstsinn ze änneren", sou d'Delphine Delthier vum CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg). De Message wier op der Strooss vermëttelt ginn an et géing drëms goen, datt Leit der „Cause" elo bäitrieden.
Un der Klimadebatt oder un de Klimarebelle scheede sech d'Geeschter. Sou eng Veranstaltung, wéi déi e Samschdeg, schéngt fir d'Ecologiste konstruktiv ze sinn, ma wéi erreecht een déi aner Leit? D'Delphine Delthier mengt: „Et gëtt déi vläicht méi effektiv a radikal Aart a Weis, wéi beispillsweis an der Rebellioun (...) mä et gëtt awer och déi méi roueg Aart a Weis, mat beispillsweis Transitiounsbeweegungen".
Versammlunge vu Bierger wäerten et héchstwahrscheinlech nach weiderer ginn. Wéini, ass nach net decidéiert. Sécher ass awer, datt jidderee wëllkomm ass.