Invité vun der Redaktioun (27. Mäerz)Claude Lamberty: Mir schwätze méi iwwer Inhalter, wéi iwwer Käpp

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg war de Generalsekretär vun der DP.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Claude Lamberty
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Bei der demokratescher Partei sinn d'Inhalter méi wichteg wéi d'Käpp, an dat ënnerscheed eis fundamental vun der CSV, sou den DP-Generalsekretariat Claude Lamberty am RTL-Interview. D'Demokratesch Partei steet fir jiddereen hei am Land dee well schaffen, eng Hand mat upaken, Responsabilitéit iwwerhuelen, sou den Invité vun der Redaktioun. An och fir eng gutt Kompetitivitéit, well et sinn d'Betriber déi de Leit Aarbecht ginn.

Déi annoncéiert Steiererliichterunge si keng Walkaddoen, sou de Claude Lamberty weider, mä et ass déi alldeeglech Aarbecht vum bloe Finanzminister Gramegna. Et wiere punktuell Adaptatiounen. Den Zäitpunkt wier Zoufall.

E Clinch mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP virun de Wale gëtt et net.

An den Diskussiounen ronderëm d'Staatsbeamtereform hätt d'Regierung hir Positioun, dat am Interessi vu kompetente Staatsbeamten, sou nach den DP-Generalsekretär Claude Lamberty, deen am Zentrum mat an d'Wale geet.

Eng Koalitiounsausso wollt hien natierlech net maachen.

Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg war de Generalsekretär vun der DP.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO