Quarantän am EnseignementClaude Meisch: Autorisatioun, fir awer schaffen ze goen, muss iwwerpréift ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Quarantän an der Schoul mat der Autorisatioun, fir awer schaffen ze goen, muss nach eng Kéier vu Grond op analyséiert ginn.
© Claude Meisch / RTL Télé Lëtzebuerg

Dat war u sech net esou virgesinn, seet den Educatiounsminister Claude Meisch am RTL-Interview.

Virun 3 Wochen hätt een zesumme mam Gesondheetsministère e Stufemodell presentéiert. Do wär festgehale ginn, datt bei engem isoléierte Fall keng Quarantän néideg wär.

D'Santé hätt awer elo Quarantän decidéiert. Dat géif eng Rei Problemer maachen. Dofir misst een d'Situatioun nach emol analyséieren.

Am Regierungsrot wär ee sech e Mëttwoch de Moien eens gewiescht, datt ee keng onnëtz Quarantän wëll, erkläert de Claude Meisch. De Schoulbetrib soll esou gutt et geet assuréiert ginn. Eng Rei Quarantäne sollen iwwerpréift ginn. Zum Beispill wa jiddereen de Mask unhat, sou nach den Educatiounsminister.

Extrait Claude Meisch

RTL-Artikel (22.09.2020): Am Enseignement: Partiell Quarantän fir Gewerkschafte grouss Iwwerraschung
RTL-Artikel (21.09.2020): Schaffe goen, dat trotz Quarantän? Interview mam Paulette Lenert
RTL-Artikel (21.09.2020): Educatiounskommissioun: Partiell Quarantän just am Fall vun engem Infizéierten an der Klass

Back to Top
CIM LOGO