Rentrée vun OfschlossklassenClaude Meisch: Et gëtt kee Grond, Angscht ze hunn

Fanny Kinsch
D'Schüler vun den Ofschlossklasse goufe vun der UNEL opgeruff, der obligatorescher physescher Presenz an de Schoulen vum 4.- 8. Mee nach net nozekommen.
UNEL, SEW an OGBL: Rentrée vun Ofschlossklassen
D'Schüler vun den Ofschlossklasse ginn opgeruff, der obligatorescher physescher Presenz an de Schoulen vum 4. bis 8 Mee nach net nozekommen.

Dëst, well se Angscht hunn, sech mam Coronavirus unzestiechen.

Schoulsyndikater vs Claude Meisch / Reportage Joel Detaille

Leschten Dënschdeg schonns gouf et en historesche Communiqué, an deem 7 Schoul-Syndikater gemeinsam un de Minister appelléiert hunn, déi Rentrée fakultativ ze maachen, also keen ze verflichten an de Coursen dës Woch Deel ze huelen. Eng Unitéit vun den Acteuren um Terrain, wéi et se bis ewell wuel nach ni gouf. Op se gelauschtert, gouf awer net... An dat léisst den SEW, d’Feduse, d’APESS, d’AGESS, d’ACEN, d’UNEL an d’CNEL e bësselche verzweiwelen.

Et géif een begréissen, dass de Schoulbetrib nees lass geet, mä net zu deene Konditiounen, sou den Tenor vun de Bildungs-Vertrieder. Fir de Jules Barthel vum Erzéiungssyndikat vum OGBL, dem SEW, ass déi stuer Haltung vum Educatiounsminister net ze verstoen: "D‘Gewerkschaften alleguer, d’Schüler-Organisatiounen, d’national Elteren-Vereenegung – alleguer hu se Bedenken zu där Rentrée hei, wéi se elo proposéiert gëtt an et huet een d’Impressioun, dass de Minister sech komplett iwwert alles ewechsetzt. Hie behëlt sech, wéi wann hien deen eenzege wier, deen d’Wourecht géif kennen."

Déi Wourecht wier fir den SEW méi richteg gewiescht, an enger dephaséierter Rentrée, generell am Secondaire, mat eben och der Méiglechkeet, fräiwëlleg un de Coursen deel ze huelen.

Och fir d’Feduse bleiwen trotz Rentrée eng ganze Partie Froen ongekläert. De Raoul Scholtes mécht dofir och d’Informatiounspolitik aus dem Ministère responsabel: "Mir verstinn, dass an sou enger Krisesituatioun d’Consultatioun net ëmmer méiglech ass, mä och d'Informatioun ass a war ganz dënn. Villes si mer eréischt aus de Medie gewuer ginn. Momentan ass et mat der Kommunikatioun aus dem Ministère eraus e bësse wéi mam Reen: ufanks guer keen, an de leschten Deeg e bëssen. Dann hoffe mer alt, dass dat mëttel- a laangfristeg net zu Problemer féiert."

Well esou Problemer si Gëft fir e gereegelten Oflaf an der Schoul, fënnt och déi national Unioun vun de Schüler. D’UNEL huet wéineg bis kee Verstees-de-Mech firwat des Woch fir d’Primaner eng Schoulflicht besteet a kritiséiert den Austausch mam Ministère, dee net existent wier, sot eis d’Vicky Reichling: "Mir verstinn, dass et eng Krisesituatioun ass, mä no méi wéi 6 Woche Confinement vermësse mer einfach Dialogbereetschaft an den Austausch tëscht dem Minister an de Bildungsvertrieder. Mir sinn d’Experten um Terrain an duerch en Austausch kéinte jo och vill Léisungsvirschléi entstoen. Et ass awer keng Kompromëssbereetschaft do an dat stéisst net nëmme bei eis op Onverständnis."

Et hofft een elo, dass am Laf vun dëser Woch, d’Froen, déi fir d’Rentrée vun de anere Klassen am Secondaire weider opstinn, kënne gekläert ginn. D’Syndikater ignoréieren, wäerten déi sech nämlech net laang gefale loossen.

Dat beweise dann och direkt um Méindeg de Moien an engem Schreiwes, an deem d'UNEL, d'Unioun vun de Lëtzebuerger Schüler an den SEW/OGBL, d'Schüler opfuerderen, net an d'Schoul ze goen a weider Homeschooling ze maachen, wa se Angscht, respektiv Bedenken hunn, sech unzestiechen. Si hoffen, datt d'Enseignanten d'Schüler net dofir bestrofen, wa si net physesch an der Klass present sinn. Den SEW/OGBL betount och, datt d'Léierpersonal an de Klasse wäert sinn, awer och déi Schüler wëll ënnerstëtzen, déi dës Woch vun doheem aus wëlle léieren.

De Jules Barthel am RTL-Interview (04/05/2020)

Educatiounsminister reagéiert: kee Grond, Angscht ze hunn

Den Educatiounsminister Claude Meisch war um Méindeg de Moien natierlech och bei der Rentrée mat derbäi. Eng Rentrée, wou een selwer nach géif bäiléieren.

De Claude Meisch iwwert d'Rentrée vun den Ofschlossklassen

Et géif kee Grond ginn, Angscht ze hunn, sou den Educatiounsminister Claude Meisch: "Entweder ass et esou, datt mer d'Schoule sécher hunn an da muss jiddereen an d'Schoul goen, oder et ass esou, datt et an de Schoulen net sécher ass, mä dann ass et fir kee sécher an dann däerf och keen an d'Schoul goen. An elo ze soen,dat decidéiert de Schüler, dat decidéiere vläicht seng Elteren, dat ass sécherlech déi falsch Approche, hei muss de Staat an och mat de Gesondheetsinstanzen Decisiounen huelen, ob dat sécher ass fir jiddereen, dat ass geschitt."

Den SEW fënnt awer, datt en hätt misse consultéiert ginn – dee leschten Echange wier virun 2 Woche gewiescht, just virun der Annonce, datt d'Rentrée vun den Ofschlossklassen de 4. Mee wier.

Jules Barthel:"Dat war awer éischter en Austausch am Sënn, dass hien den Dag viru senger Pressekonferenz eis u sech just gesot huet, wat si géifen den Dag drop annoncéieren. Säit deem Moment ass u sech, vu Secondairessäit hir jiddwerfalls kee weideren Dialog méi gewiescht."

Datt keen Dialog stattfonnt hätt, dementéiert de Minister: „Mir haten d'lescht Woch Kontakt mat de Gewerkschaften, och mam SEW, mir hu fir muer de Moien eng Teleskonferenz mat de Gewerkschaften"

Et misst een déi bescht Léisung fannen, jidderengem et Recht maachen, kéint een do net.

RTL-Artikel: Tëscht Freed an Nervositéit: Rentrée vun den Ofschlossklassen

Schreiwes vun der UNEL an SEW/OGBL

Luxemburg, den 04. Mai 2020

Anwesenheitspflicht auf Abschlussklassen: Kompromisslosigkeit des Bildungsministers zwingt die Gewerkschaften zu härteren Maßnahmen

Die nationalen Bildungsvertreter UNEL und SEW/OGBL reagieren auf die mangelnde Bereitschaft des Bildungsministers Claude Meisch, die Anwesenheitspflicht vom 4. bis 8. Mai für die SchülerInnen der Abschlussklassen aufzuheben. UNEL und SEW/OGBL forderten dies bereits in einer gemeinsamen Pressemitteilungen am 24. April. Am 28. April riefen sämtliche Lehrer-und Schülergewerkschaften den Bildungsminister in einem historischen gemeinsamen Presseschreiben dazu auf, dieser Forderung nachzukommen. Dennoch zeigte Claude Meisch keinerlei Dialogbereitschaft und verwarf die Forderungen der nationalen Bildungsvertreter ohne vorherigen Austausch – was die Gewerkschaften als einen groben Verstoß gegen die Demokratie werten.

Das Infektionsrisiko kurz vor den Abschlussexamina sowie der enorme psychische Druck, der diese außergewöhnliche Situation auf viele SchülerInnen ausübt, sollten vom Bildungsministerium nicht ignoriert werden. Zudem führt die Anwesenheitspflicht für Abschlussklassen zu einer noch eklatanteren Chancenungleichheit zwischen den SchülerInnen der formation professionnelle und den SchülerInnen des ESC1 und ESG2: Nach wie vor ist die Möglichkeit, aus Krankheitsgründen versäumte Abschlussprüfungen an einer „journée de repêchage“ nachzuschreiben, für viele Abschlussklassen der formation professionnelle nicht gegeben. Die unterzeichnenden Gewerkschaften fordern den Unterrichtsminister zum wiederholten Male auf, diese Ungerechtigkeit ein für alle Mal zu beseitigen.

Die bestehende Dialogverweigerung, fehlende Kompromissbereitschaft und Missachtung demokratischen Miteinanders zwingt die unterzeichnenden Gewerkschaften bedauerlicherweise dazu, härtere Maßnahmen zu ergreifen:

- Die UNEL ruft daher die SchülerInnen der Abschlussklassen dazu auf, den Unterricht vom 4. bis 8. Mai weiterhin digital zu verfolgen und der physischen Anwesenheitspflicht nicht nachzukommen, falls sie aufgrund des Infektionsrisikos Angst und Bedenken haben, am Unterricht im Klassensaal teilzunehmen.

- Das SEW/OGBL hofft, dass die Lehrkräfte, Verständnis für die Ängste und Sorgen der SchülerInnen der Abschlussklassen zeigen und die physische Abwesenheit im Unterricht vom 4. bis 8. Mai nicht sanktionieren - auch dann nicht, wenn das Bildungsministerium oder die Schulleitungen Druck auf die Lehrkräfte aufbauen sollten. Das SEW/OGBL betont, dass die Lehrer der Abschlussklassen ab dem 4. Mai in den Klassenräumen anzutreffen sein werden, aber auch die SchülerInnen, die sich zwischen dem 4. bis 8. Mai für den digitalen Unterricht entscheiden, bestmöglich unterstützen werden.

Gemeinsame Pressemitteilung von UNEL und SEW/OGBL
Luxemburg, den 04. Mai 2020

PDF: Schreiwes vun der UNEL am vum SEW

Back to Top
CIM LOGO