Wéi den Inneministère an engem Post op Facebook matdeelt, ass am Kader vun dëser Visitt dann och d'Policeschoul offiziell an "École de Police Grand-Duc Guillaume" ëmbenannt ginn. Dëst wier "en Zeeche vun der enker Verbonnenheet tëscht der Lëtzebuerger Police an der groussherzoglecher Famill", sou den Inneministère weider. Och den dagdeeglechen Asaz vun de Policebeamte sollt mat dësem Gest geéiert ginn.
Am Kader vun der Visitt gouf iwwerdeems och den neie Fändel vum Policecorps un d'Police iwwerreecht. Och de Generaldirekter vun der Police Pascal Peters war wärend der Visitt present.