Meteorologesche BilanD'Fréijoer 2026 ass ze waarm an ze dréchen

RTL Lëtzebuerg
Besonnesch Enn Mee wier et hei am Land aussergewéinlech waarm gewiescht.
© Pixabay

AgriMeteo, Meteolux an d'Waasserverwaltung hunn e Méindeg de meteorologesche Bilan vum Fréijoer 2026 virgeluecht.

Aus dësem geet ervir, dass d'Temperaturen dëst Fréijoer am Schnëtt iwwert der Normal-Temperatur vun der Referenzperiod vun de Joren 1991 bis 2020 louch. Am Abrëll louchen d'Temperaturen, mat Ausnam vun der Statioun zu Kënzeg, op alle Statiounen iwwert der Moyenne. De Mee huet sech dogéint duerch staark Kontraster ausgezeechent. Wärend zwee Drëttel vum Mount méi kal waren ewéi normalerweis, waren d'Temperaturen Enn des Mounts aussergewéinlech héich. De 26. Mee gouf op enger Rei Meteosstatioune vun der ASTA eng nei Héchsttemperatur fir de Mount Mee gemooss. Den absolutten Temperaturrekord fir de Mee gouf awer net gebrach. Dëse gouf mat 33,1 Grad de 27. Mee 2005 zu Ettelbréck gemooss.

Am Allgemenge war dëst Fréijoer dann och ze dréchen. Besonnesch am Abrëll huet et däitlech manner gereent ewéi normalerweis.

Wat d'Recolten an der Landwirtschaft betrëfft, hätten d'Geméis, d'Uebst an d'Wäiriewe bis ewell vun am Allgemenge gudde Konditioune kënne profitéieren. Allerdéngs hätt vill missen op kënschtlech Bewässerung zeréckgegraff ginn. Bei de Fudderplanze fir d'Béischte wieren déi éischt Recolte vun der Quantitéit hier duerchschnëttlech gewiescht, hätten awer eng gutt Qualitéit gehat.

Aktuell hätten d'Hëtzt an d'Dréchent nach keen Impakt op d'Recolte gehat. Dat kéint sech awer änneren, wann déi héich Temperaturen an de Manktem u Reen weider sollten unhalen.

De meteorologesche Bulletin vum Fréijoer 2026.

Back to Top
CIM LOGO