
Wéi geet et mat den 68 Lëtzebuerger Bauerebetriber virun, déi hir Mëllech un d'Molkerei EKABE liwweren? Ëm déi Fro goung et e de Mëtteg an enger Reunioun tëscht Vertrieder vun der Genossenschaft Prolek an der Landwirtschaftsministesch. Eng Äntwert gouf et dono awer net.
Dofir datt d'Reunioun bal zwou Stonne gedauert huet, waren esouwuel d'Martine Hansen wéi och d'Vertrieder vun de Mëllechbaueren dono zimmlech kuerz ugebonnen. Den Haaptmessage war awer kloer, et géing een alles maachen, fir déi 68 Betriber "gerett" ze kréien. Wat fir ee Spillraum d'Regierung dobäi genee huet, misst een elo mol analyséieren, ma ganz grouss dierft deen awer wuel net sinn, esou d'Landwirtschaftsministesch.
"Lo musse mer Brainstorming maachen, wou kënne mer geziilt hëllefen, wat kënne mer maachen? Mir kënnen als Staat natierlech keng Mëllech ofhuelen, mee mir kënne vläicht ee Bindeglied sinn tëscht verschiddenen Acteuren."
De President vun der Genossenschaft Prolek Vic Wirtz, huet ënnerstrach, datt et ëm d'Existenz vun de betraffene Betriber goe géing. Et steet jo d'Méiglechkeet am Raum, datt si bei eng aner Molkerei wiesselen, zum Beispill bei d'Luxlait oder d'Arla oder Hochwald. Woubäi awer net kloer ass, ob eng Molkerei eleng an der Lag respektiv bereet ass, sou vill Betriber op ee Coup opzehuelen. Dono gefrot, ob d'Prolek zesummesteet oder elo all Betrib eenzel no enger Léisung sicht, war et dës Äntwert vum Vic Wirtz:
"Ech stinn als President vun eiser Genossenschaft dofir, datt mir zesummen op enger Plaz ënner Daach kommen. Ech kucken no all Member, et wäert keen am Ree stoe gelooss ginn."
D'Situatioun um Mëllechmarché ass generell net evident. Eng grouss Offer suergt fir een éischter niddrege Präis, am Abrëll dëst Joer louch deen zu Lëtzebuerg bei ronn 40 Cent pro Kilo Mëllech vun der Güteklasse 1. Lactalis schwätzt vu 50 Millioune Liter Mëllech, déi een zu Lëtzebuerg sammele géing. Zum Volume vun der Prolek seet de Vic Wirtz:
"Déi lescht Jore sinn eis Volumen, eis Quantitéiten net an d'Luucht gaangen an och eis Kéizuel ass éischter zeréckgaangen, well d'Leeschtung vun deenen eenzele Béischten an d'Luucht gaangen ass. Mir stinn dozou."An de soziale Medien ass an deene leschten Deeg dacks ze liesen, datt Leit elo keng EKABE-Produite méi kafe wëllen. Dat ënnerstëtzt ee bei Prolek awer net.
"Mir ruffen zu kengem Boykott op. Mir sinn nach ëmmer a ganz gudde Verbindungen zu Lactalis a mir féieren deeglech Gespréicher. Mir bedaueren hir Decisioun ganz staark, mee mir respektéieren déi och." Als Reaktioun op d'Annonce vu Lactalis schwätzt sech d'Baueren-Allianz als Gewerkschaft iwwerdeems dofir aus, d'Lëtzebuerger Mëllechproduktioun generell ze iwwerdenken. Et sollt ee manner op Quantitéit an nach méi op Qualitéit, eng regional Vermaartung a kuerz Weeër bei der Vente setzen. D'Martine Hansen hält vun där Diskussioun zu dësem Zäitpunkt iwwerdeems net ganz vill: "Ech mengen, déi Baueren, déi hei stinn, déi produzéiere richteg Qualitéit, do wësse si besser Bescheed, mee si hu bei Lactalis déi héchste Qualitéit geliwwert gehat. Eng breeder Diskussioun, mat wat produzéieren ech Mëllech, dat ass eng Diskussioun, déi net direkt zur Léisung vun dësem Problem bäidréit."
Den Owend organiséiert d'Prolek zu Jonglënster iwwregens nach eng Reunioun, fir all déi concernéiert Baueren op de leschte Wëssensstand ze bréngen.
En Dënschdeg de Moien héiert a liest Dir bei eis op der Antenne, respektiv op RTL.lu dann och Stëmme vun där Reunioun.