Zu EechAuto op der Kopp - Eng Persoun gouf verwonnt

Andy Brücker
E Méindeg de Moien huet et géint 10:20 Auer zu Eech an der rue Auguste Laval gerabbelt
© Domingos Oliveira

D'Rettungsservicer aus der Stad hunn e Méindeg de Moie géint 10:20 Auer mussen an den Asaz, well sech zu Eech an der rue Auguste Laval en Auto iwwerschloen hat.
Dat hat deementspriechend fir gréisser Perturbatioune gesuergt, well d'Strooss komplett fir den Trafic gespaart gouf.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt.

Zu Zwee op enger Trottinett war eent ze vill

E Sonndeg den Owend krut d'Police en Accident mat enger elektrescher Trottinett gemellt, dat an der Groussgaass zu Habscht. Éischten Informatiounen no waren hei zwou Jugendlecher zesummen op der E-Trottinett ënnerwee, woubäi se du beim Ofbéie vun der Groussgaass an d'Rue de l'Eau zur Chute komm ass. Eng vu béide Persounen huet musse fir eng Kontroll an d'Spidol.

D'Police erënnert nach emol drun, dass et verbueden ass eng zweet Persoun mat op enger E-Trottinett matzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO