Däitlech Wierder vu Gewerkschaftsfront am Kader vun der TripartiteNet mat Sozialofbau, mee mat sozialem Zesummenhalt op Erausfuerderunge reagéieren

Claudia Kollwelter
Aarbechtsplaze misste geschützt ginn a bei der Betribssteier dierft et net zu enger allgemenger Baisse kommen, sou OGBL an LCGB.
De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) vun der Gewerkschaftsunioun.
De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) vun der Gewerkschaftsunioun.
© François Aulner

Net duerch Sozialofbau oder Drock op Léin, mee mat Investissementer, Qualifikatioun an engem staarke soziale Zesummenhalt misst op déi wirtschaftlech a sozial Erausfuerderunge reagéiert ginn. Dat betount d'Gewerkschaftsfront OGBL-LCGB am Kader vun der Tripartite an huet e Pak ("Paquet Compétitivité et Dialogue social") mat hire Fuerderungen ausgeschafft.

Virun Tripartite: Däitlech Wierder vu Gewerkschaftsfront / Claudia Kollwelter

E wichtege Volet am Fuerderungskatalog vun OGBL an LCGB ass de Schutz vun den Aarbechtsplazen. Si fuerderen eng permanent national Cellule fir de Reklassement, déi scho viru gréissere Restrukturéierungen oder Entloossungen aktiv gëtt. Betraffe Salariéë sollen dobäi eng individuell Begleedung, Weiderbildungen an eng finanziell Ofsécherung kréien.

Fir dës Mesuren ze finanzéieren, bräicht een en Transitiounsfong. Dee soll de Gewerkschaften no virun allem iwwer eng méi héich Solidaritéitssteier fir d'Betriber finanzéiert ginn. Duerch eng Hausse vun 10 % kéinten esou 110 Milliounen Euro zousätzlech Recetten erakommen, déi an dee Fong géife fléissen.

Donieft schwätze sech OGBL an LCGB géint eng allgemeng Baisse vun der Betribssteier aus. Haaptsächlech kleng a mëttel Betriber sollen entlaascht ginn, wärend grouss profitabel Entreprisen den aktuelle Steiersaz bäibehalen.

Am Beräich vun der Kafkraaft insistéieren OGBL an LCGB drop, datt si kee Kompromëss beim Indexsystem akzeptéieren wäerten a weider eng direkt Erhéijung vum soziale Mindestloun ëm 300 Euro fuerderen. Donieft plädéiere si fir Steierupassungen un d'Inflatioun an zousätzlech Hëllefe fir Stéit.

Fir d'Wirtschaft unzekuerbelen, fuerdere si e speziellen Investitiounsfong vu siwe Milliarden Euro iwwer siwe Joer. Mat deem solle virun allem bezuelbar Wunnengen, d'Energietransitioun an déi strategesch Infrastrukture finanzéiert ginn. D'Zil ass et, an de kommende fënnef Joer 10.000 ëffentlech a bezuelbar Wunnengen ze schafen.

D'Gewerkschafte kritiséieren an hirem Pak dann och op en Neits, datt sech de sozialen Dialog verschlechtert hätt. Si fuerderen eng permanent a méi staark Tripartite, an där d'Partner net nëmme consultéiert ginn, mee e reellen Afloss op déi wirtschaftlech a sozial Decisiounen vum Land hunn.

Back to Top
CIM LOGO