
Am Juli zejoert haten d'Direction de la défense, den Ekonomiesministère an de Ministère fir d'Héichschoul an d'Recherche a Kollaboratioun mam nationale Recherche-Fong (FNR) a Luxinnovation en Appel à projets lancéiert. Dësen huet sech u Recherche- an Entwécklungsprojeten am Beräich vun der Defense geriicht.
Doropshin hu Partenariater aus Entreprisen an nationalen Recherchezenteren 30 Projeten agereecht, fir eng Finanzéierung ze kréien. Néng dovu goufen am Endeffekt zeréckbehalen. E puer dovun erausgepickt: Ënnert anerem soll eng securiséiert Plattform geschaaft ginn, fir militäresch Beweegunge kënne live ze suivéieren, an dat och op Plazen ouni Reseau. Weider gëtt un engem 3D-Kaarte-System geschafft, deen dem Militär soll hëllefen, sech a schwieregen Environnementer ze beweegen. Donieft gëtt un engem System geschafft, fir strateegesch Satellitten ze schützen, deen komplett am Weltall funktionéiert an deemno net vun Infrastruktur op der Äerd ofhängeg ass.
Wéi et an engem gemeinsame Schreiwes vun der Direction de la défense, den Ekonomiesministère an de Ministère fir d'Héichschoul an d'Recherche a Kollaboratioun heescht, géife sech d'Projeten, déi zeréckbehale goufen, an d'Zilsetzung vum Projet areien, d'Innovatiounsfäegkeet vun der Lëtzeuerger Industrie an de Forschungsacteuren ze stäerken, an d'Integratioun vun nationalen Acteuren a a Programmer a Produktiounsketten op EU- an Nato-Niveau ze erliichteren.