
E Méindeg um 13 Auer ass am Landwirtschaftsministère eng Reunioun iwwert d'Zukunft vun op d'mannst engem Deel vun de Lëtzebuerger Mëllechbaueren. En Donneschdeg war et jo d'Nouvelle, datt d'Molkerei EKABE, déi zum franséische Grupp Lactalis gehéiert, vum 1. Abrëll dat nächst Joer u keng Lëtzebuerger Mëllech méi verschaffe wäert, dovu si knapp 70 Betriber betraff. Wéi et elo virugoe wäert a soll, doriwwer schwätzt de Marc Hoscheid mam Marco Koeune, dem President vun der Gewerkschaft Baueren-Allianz.
Wéi geet et weider mat de Mëllechbaueren zu Lëtzebuerg, nodeems d'EKABE keng Mëllech méi vun hinne verschaffe wëll.
Et wier een normale Reflex, datt déi concernéiert Baueren den Austausch mat der zoustänneger Ressortministesch sichen, fir hier d'Situatioun ze erklären. D'Ministesch hätt och eng Partie Kontakter, esouwuel zu hirem franséischen Homologe wéi och zu verschiddene Molkereien, mee de Marco Koeune ka sech net virstellen, datt Lactalis d'Decisioun, an Zukunft op Lëtzebuerger Mëllech ze verzichten, nach eng Kéier zeréckhëlt. Méi realistesch wier et da schonn, datt eng méi laang Iwwergangsfrist ausgehandelt gëtt, déi d'Baueren dann notze kéinten, fir bei eng aner Molkerei ze wiesselen.
Dat wier dann entweder d'Luxlait oder eng Molkerei am noen Ausland, also virun allem d'Arla oder Hochwald. Woubäi sech d'Fro stellt, ob déi däitsch Molkereien net no änlechen Denkmustere funktionéiere wéi Lactalis, Arla huet zum Beispill rezent mat der "DMK (Deutsches Milchkontor) Groupe" fusionéiert. Zur neier Grupp gehéieren eng 11.200 Baueren, ee "Mëllechpool" vun 19,4 Milliarde Kilogramm a se mécht pro Joer een Ëmsaz vun iwwer 20 Milliarden Euro. Lactalis huet weltwäit eng 85.000 Mataarbechter a mécht een Ëmsaz vun iwwer 31 Milliarden Euro d'Joer.

Bei der Baueren-Allianz kritiséiert een dann och, datt d'Lëtzebuerger Betriber esou grousse Strukturen ausgeliwwert wieren. D'Luxlait wier do als iwwerschaubar Genossenschaft wuel déi besser Alternativ, mee et wier onrealistesch, datt dës op ee Coup déi 50 Millioune Liter, déi bis elo un d'EKABE geliwwert goufen, einfach mol sou iwwerhëlt.
Generell plädéiert de Marco Koeune dofir, datt een zu Lëtzebuerg an Zukunft manner op Quantitéit an éischter op Qualitéit setzt. Am Grand-Duché hätt een an de leschte Joren och scho vill Efforte bei Qualitéitsprogramme gemaach, sief et am Beräich vum Fleesch oder vun der Mëllech. Deen eenzele Betrib bräicht awer op alle Fall Zäit, fir seng Produktioun ëmzestellen. Um Enn missten d'Produiten och am Supermarché kaaft ginn an do misst de Client matspillen.
Dono gefrot, wat hie vun engem méigleche Boykott vun EKABE-Produiten hält, ass de Marco Koeune éischter zeréckhalend. Et sollt een de Ball éischter flaach halen, ëmmerhi géing et ëm d'Zukunft vun 68 Bauerefamillje goen. Hien hätt zwar nach am Hannerkapp, wéi 2012 zu Dikrech iwwert 1.000 Leit géint déi deemools geplangte Fermeture vun der Brauerei op d'Strooss gaange sinn, mee ob dat hei och Sënn maache géing respektiv ob sech iwwerhaapt sou vill Leit mobiliséiere loosse géingen, do kéint een ee Fragezeechen hannendru maachen.
An enger Äntwert op d'Question urgente vum CSV-Deputéierten Jeff Boonen huet d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen weider Chiffere genannt. Deemno ginn all Joers 54 Millioune Kilo Mëllech vu Lëtzebuerger Mëllech-Produzenten un d'EKABE-Produktioun, dat sinn 10-15% vun der Lëtzebuerger Mëllechproduktioun.
Um Site zu Eescheler gi nieft der Lëtzebuerger Mëllech och 40 Millioune Kilo auslännesch Mëllech verschafft.
Och wann also um Site keng Lëtzebuerger Mëllech méi vum Abrëll d'nächst Joer us soll verschafft ginn, esou soll de Site awer weider funktionéieren. Wouhier d'Mëllech vun den EKABE-Produite vum nächste Joer us soll hier kommen, huet Lactalis der CSV-Landwirtschaftsministesch Hansen net matgedeelt. Weider heescht et, datt den Ament géif gekuckt ginn, fir déi betraffe Baueren z'ënnerstëtzen. Dofir géifen aner Ofsazméiglechkeeten evaluéiert an d'Veraarbechtungskapazitéiten vun de Molkereien um Lëtzebuerger Marché analyséiert ginn.