Saint-TropezRalf Schumacher an Étienne Bousquet-Cassagne hu sech bestuet

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Formel-1-Pilot a säi Frënd hu sech op der Gemeng d'Jo-Wuert ginn an duerno zu Saint-Tropez mat ronn 110 Leit gefeiert.
De Ralf Schumacher an den Étienne Bousquet-Cassagne hu sech d'Jo-Wuert ginn
De Ralf Schumacher an den Étienne Bousquet-Cassagne hu sech d'Jo-Wuert ginn
© LUKAS BARTH-TUTTAS/dpa Picture-Alliance via AFP

De Ralf Schumacher a säi Frënd Étienne Bousquet-Cassagne hu sech e Sonndeg op der Gemeng zu Saint-Tropez bestuet. Dat huet dem fréiere Formel-1-Pilot säi Management confirméiert. No der Zeremonie huet d'Koppel am private Kader mat ronn 110 Gäscht gefeiert.

D'Press war net agelueden, mee et war awer eng Tëleeschaîne dobäi, wéi déi geluede Gäscht an e Strandclub gaange sinn, an deem um Mëtternuecht e Freedefeier ofgeschoss ginn ass. Dem Ralf Schumacher säi Jong David war als Bräitchemann dobäi, net ageluede war dogéint seng Exfra Cora, déi iwwer d'Medie gratuléiert huet.

De Ralf Schumacher ass tëscht 1997 an 2007 180 Grand Prix gefuer a konnt der 6 gewannen. Den Étienne Bousquet-Cassagne schafft am Ëmfeld vun der Wäimark "Schumacher Wines". Virdru war hien a Frankräich politesch engagéiert gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO