D'Reformen am Prisongswiese schleefen. Speziell beim Jugendschutz a bei der Situatioun vun de Fraen an de Prisonge muss endlech eppes geschéien.
Doriwwer schwätze mer de Moie mat der Ombudsman Claudine Konsbruck.
Nieft den allgemenge Reklamatiounen, wann ee Problemer mam Staat, enger Verwaltung oder enger Gemeng huet, ass si och zoustänneg fir d'Kontroll vun de Plaze vu Fräiheetsentzuch, zum Beispill eebe Prisongen.
De „Centre de filtrage“ fir Flüchtlinge gëtt elo och vun hirer Instanz kontrolléiert an nach weider Plazen, wou een zwar net agespaart mä net wierklech fräi ass, sollen derbäi kommen.
Iwwer alles dat diskutéiere mer live um 8 Auer mat der Ombudsman Claudine Konsbruck.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.