
Zu Esch, op där Plaz, wou déi éischt Escher Synagog bis 1941 stoung, éier se vun den Nationalsozialisten ofgerappt ginn ass, war e Sonndeg de Moien déi eenzeg offiziell Gedenkfeier am ëffentleche Raum fir d’Affer vum Holocaust. Eng ronn 80 Leit, dorënner vill Politiker, hunn net nëmmen den Escher Deportéierte geduecht. Et hätt ee kéinte mengen, den Himmel hätt mat getrauert ...
Op der Place de la Synagogue war fir d'6. Kéier d'Zeremonie am Kader vum internationale Gedenkdag fir d'Affer vum Holocaust. No de Riede vum Robert Wolf, dem President vun der Israelescher Gemeinschaft zu Esch, a vum Escher Buergermeeschter Georges Mischo, huet de Shoah-Iwwerliewende Gerd Klestadt eng emouvant Usproch gehalen. Den haitege Lëtzebuerger huet op déi aktuell Geforen higewisen, déi vun enger Rei politesche Gruppen ausginn. Hien huet ënnerstrach, dass et d’Aufgab vun de Jonken ass, d’Gedenken waakreg ze halen an all Diskriminéierung ze verhënneren. Duerfir fuerdert hien d’Politik an Zivilgesellschaft op, duerch verstäerkt Opklärung virun allem, ma net nëmmen déi Jonk ze sensibiliséieren. Well wa keng Iwwerliewend méi do wieren, wier d'Mënsche vun haut eleng mat der Geschicht, dofir misst een d'Erënnerung um Liewen halen.
No der Ried vum Gerd Klestadt si vum Publikum Steng als Gedenken un déi 125 Escher Deportéiert bei Käerze néiergeluecht ginn. D’Nimm vun den Affer sinn iwwerdeems haart virgelies ginn.
De Frank Schroeder, Direkter vum nationale Resistenzmusée zu Esch, deen dës Zeremonie matorganiséiert huet, ass zefridde mam Bewosstsi vun der Lëtzebuerger Politik an dësem Beräich. Et wier Interessi do, souwuel an der Politik wéi och an den Ambassaden. Jidderengem wier bewosst, wéi wichteg deen Dag wier.
Weider Evenementer, déi bis den 8. Februar am Kader vum Gedenkdag organiséiert ginn, fannt Dir um Internetsite vum Zentrum fir politesch Bildung.
FOTOGALERIE: Gedenk-Concert an der aler Seeërei zu Dikrech
FOTOGALERIE: Holocaust-Gedenkfeier zu Esch, Andréck vum Lucien Koneczny.