Kannergeld fir FrontalierenCorinne Cahen bedauert d'Urteel vum EuGH géint Lëtzebuerg

Roy Grotz
En Urteel vum europäesche Geriichtshaff dierft nach fir vill Gespréich, ma och Konsequenze suergen...
© RTL Archiv

Et geet ëm d'Bezuele vu Kannergeld, am Fall wou de Papp vun enger net-bestueter Koppel hei am Land schafft, seng Partnerin awer net.An deem Fall gëtt de Complement fir d'Kannergeld vu Lëtzebuerg bezuelt.

D'Exceptioun ass, wann de Papp, deen hei am Land schafft, net de legale Papp ass: an deem Fall gouf NET bezuelt.

D'Urteel vum 2. Abrëll seet, datt Lëtzebuerg falsch läit an datt een d'Bezuelen net dierft refuséieren.

D'CSV-Deputéiert Octavie Modert a Marc Spautz hunn d'Familljeministesch Corinne Cahen op dësen Arrêt an enger parlamentarescher Fro interpelléiert. An der Äntwert bedauert d'Ministesch d'Decisioun vum EuGH mat dëse Wierder: "Le ministre regrette néanmoins que le droit personnel de l'enfant résident, tel qu'il figure depuis une trentaine d'années dans la législation nationale, n'ait pas été accepté par la juridiction européenne, ce d'autant plus que la réforme intervenue l'a encore renforcé en faisant abstraction de toute considération d'un ménage; ceci d'ailleurs également pour les enfants des travailleurs."

Déi komplett Äntwert op déi parlamentaresch Fro gëtt et hei!

Op Basis vun dësem rezenten Urteel, respektiv och aneren, missten der DP-Ministesch no, d'Gesetzer iwwerschafft ginn, fir d'Kanner vu Frontalieren, de Kanner vun de Salariéen déi zu Lëtzebuerg schaffen, gläich ze setzen.

Chifferen iwwert d'Zuel vun de concernéierte Kanner gi keng geliwwert, och d'genee Positioun vun der Regierung gëtt net detailléiert genannt. Wéi et heescht, misst mol d'Urteel vum 2. Abrëll genee studéiert ginn.

EuGh vs Zukunftskeess - Frontalier huet Recht op Kannergeld, fir e Kand vum Partner, wat net säint ass (02.04.2020)

Back to Top
CIM LOGO