Bis elo 29 VollzäitpostenCovid-Helpline gëtt ëm 50 Posten opgestockt

RTL Lëtzebuerg
Den Ament si fir d'Helpline 29 Vollzäitposte reservéiert. Der Ministesch no variéiert et staark vun Dag zu Dag, wéi vill Leit op d'Hotline uruffen.
© RTL-Archiv

Den 19. Januar gëtt d’Covid-Helpline op en neits via ëffentlech Ausschreiwung mat 50 zousätzleche Leit opgestockt, fir op déi grouss Demande den Ament ze reagéieren. Dat geet aus der Äntwert vun der Santésministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas ervir.

D’Zuel vun den Appeller pro Dag kéint vu 1.500 op 12.500 schwanken, heescht et. Parallel kéint e Service agefouert ginn, fir de Leit déi uruffen um Telefon matzedeelen, wéi laang se nach waarde mussen, bis hiren Appell entgéint geholl gëtt.

D'parlamentaresch Fro zu der Covid-Helpline

Back to Top
CIM LOGO