
Hamas, déi si als terroristesch Organisatioun bezeechent. D’Reaktioun dorop wier eng kollektiv Bestrofung géint d’Populatioun an der Gazasträif. D’Zivilisten a Gaza misste geschützt ginn, esou d’Nathalie Oberweis. D’Nach-Deputéiert vun déi Lénk ass Member vum Verwaltungsrot vun der Associatioun.
“Elo fuerdere mer ganz kloer, dass d’international Communautéit op där enger Säit zivil Liewe protegéiert, mir fuerderen, an dat och scho méi laang, dass u sech eng international Protektiouns-Trupp, eng international Protektioun u sech soll kommen, sou à la Blohelmer, fir déi palestinensesch Zivilbevëlkerung ze beschützen.”
Op där anerer Säit misst d’international Communautéit diplomatesch Efforte maachen, fir Gespréicher tëschent Israel a Palästina z’erméiglechen.
D’international Communautéit muss d’palästinensesch Zivilpopulatioun schützen a Gespréicher tëschent Israel a Palestina encadréieren. Dat fuerdert de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, eng Lëtzebuerger Entwécklungs-ONG, déi solidaresch mat der palestinensescher Populatioun ass.
Et hätt ee keng Wierder fir dat, wat zanter e Samschdeg am noen Oste geschitt, seet d’Nathalie Oberweis, Conseilsmember vum CPJPO, déi hiert Matgefill mat allen Affer ausgedréckt huet.
“Et war och virdru schonn hoffnungslos, mee natierlech mat där doter Situatioun, vun esou enger Envergure, natierlech, a vun sou villen Doudegen a sou enger kuerzer Zäit, ass d’Hoffnung immens kleng, och wéi et elo an den nächsten Deeg a Woche wäert ausgesinn, also mir gesinn do wierklech ganz, ganz, ganz schwaarz.”
Israel géing elo zwar d’Hamas bombardéieren a Gaza, ma bei engem sou dicht bevëlkerten Territoire géing dat och d’Zivilpopulatioun treffen. An an der Gazasträif géing et keng Méiglechkeete ginn, sech a Sécherheet ze bréngen, och fir an Ägypten ze kommen, wier kaum eng Optioun.
“Si schwätze lo dovunner, fir eventuell zivil Leit erauszeloossen, mee ... zwou Millioune Leit, bei enger Dier, voilà... dat ass... voilà. An ech mengen, do ginn et natierlech och vill Leit, déi wëlle flüchten, virun allem Jonker, Kanner, mee déi och vläicht net wëlle flüchten, well se genee wëssen, dass, wa se bis flüchten, dass si net méi wäerte rëmkommen.”
De Comité pour une paix juste fuerdert eng Zort Blohelmer, eng international Protektioun fir d’Zivilpopulatioun. Donieft misst d’international Communautéit en diplomateschen Effort maachen, well Verhandlungen tëschent Israel a Palestina wieren anescht net méiglech.
“Do ass natierlech och vill ze vill geschitt, vill ze vill Haass a vill ze vill Rachegefiller. Ech mengen, do muss een, et muss ee relativ neutral, sou neutral, wéi dat geet, un international Acteure kommen, di do mat verhandelen an di ganz kloer sech um internationale Recht inspiréieren, un d’internationaalt d’Recht halen.”
Fir de CPJPO wier et och wichteg, Palästina als Staat unzëerkennen. Et misst ee kloer de palästinensesche Staat an d’Hamas trennen, déi de Comité als terroristesch Organisatioun bezeechent.