Schëndels-KopleschtCR101 war no Frontalkollisioun gespaart

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 7.45 Auer sinn op der Streck tëscht Schëndels a Koplescht zwee Autoen aneneegerannt.
© Olidom Multimedia

Eng Automobilistin war der Police no vu Schëndels an Direktioun Koplescht ënnerwee, wéi si an enger Rietskéier d'Kontroll iwwer hire Won verluer huet an op d'Géigespur geroden ass.

Do ass si mat engem aneren Auto kollidéiert.

Béid Chauffere waren nom Crash uspriechbar a koumen an d'Spidol, nodeems de Samusdokter no hinne gekuckt hat.

D'Ween hu just nach Schrottwäert.

2 Ambulanze vu Lëntgen a vu Mamer, de Samu vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Miersch waren op der Plaz.

D'Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart, ass kuerz no 9 Auer awer nees opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO