Ofstëmmung iwwert de Ceta-Accord an der KrisCSV aus Protest net matgestëmmt, Mouveo schwätzt vu schwaarzem Dag

Maxime Gillen
Tim Morizet
Um Enn gouf de Gesetzesprojet iwwert d'Ratifikatioun vum Ceta mat 31 Jo-Stëmmen ugeholl.
Ofstëmmung iwwert de Ceta-Accord an der Kris
Um Enn gouf de Gesetzesprojet iwwert d'Ratifikatioun vum Ceta mat 31 Jo-Stëmmen ugeholl.

Ofstëmmung Ceta-Accord / Reportage Maxime Gillen

De Protest vun der Oppositioun huet sech duerch dee ganzen Debat gezunn. Protest géint de Fait, dass wärend dem Etat de crise iwwert de Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada ofgestëmmt gëtt. Dofir, dass de sougenannte Ceta-Accord schonn zanter 2017 zu ronn 95 Prozent provisoresch a Kraaft ass an d'Parlamenter vun den eenzele Memberstaaten zanterhier iwwerhaapt keen Afloss méi op de Gros vum Accord hunn, war deen awer e Mëttwoch relativ vill Thema.

Et ass zwar wuel iwwert de ganzen Accord ofgestëmmt ginn, ma deen Deel, op deen dëse Vott iwwerhaapt nach en Afloss hat, war wesentlech méi kleng an ass am Debat e bësse kuerz komm. Ofgestëmmt gouf nämlech an der Haaptsaach doriwwer, wéi an Zukunft juristesch Konflikter solle geléist ginn. Bis ewell tranchéieren an dëse Fäll sougenannt Schiidsgeriichter, wéi d'CSV-Deputéiert Viviane Reding erkläert: „Bis ewell hu mir an eisen Handelsaccorden eng Justiz, déi keng Justiz ass. Nämlech eng privat Justiz, wou déi verschidde Parteien Experten ernennen, fir Arbitter ze sinn an hire Clienten dann ze hëllefen. Zam Avantage natierlech vun deene grousse Betriber.“

Dës Schiidsgeriichter sollen duerch professionell, staatlech bezuelten an onofhängeg Riichter ersat ginn. E Fortschrëtt, deen dem Deputéierte vun déi Lénk, David Wagner no, keen ass: „Den ICS (Investment Court System) ass e Fortschrëtt par rapport zum ISDS (Investor-State Dispute Settlement), mä et ass e Réckschrëtt par rapport zum Rechtsstaat. An e Réckschrëtt par rapport zum Rechtsstaat gëtt elo interpretéiert als e Fortschrëtt. Ech verstinn näischt.“

Ma wéi gesot, de Fait, dass iwwerhaapt e Mëttwoch iwwert dësen Accord ofgestëmmt gouf, war ëmmer erëm Thema. Dat virop, well een domat groussen Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft d'Méiglechkeet geholl hätt hiren Desaccord duerch Protester virun der Chamber auszedrécken. Dat war dann ënnert anerem och de Grond, firwat d'Pirate mat Nee gestëmmt hunn.

Den zoustännege Minister, Jean Asselborn, huet den Accord iwwerdeems verdeedegt a gemengt, dass de Ceta esou negativ géif gesi ginn, well ee viru Jore mam TTIP, dem Handelsaccord mat den USA, an een Dëppe geheit gouf.

„Ech soen hei net, dass d'Leit de Ceta net verstanen hunn, mä ech soen Iech, dat wat d'Amerikaner eis deemools zougemutt hunn an deem TTIP, dat war, dass si domadder géifen alleguer eis Norme kënne briechen, eis Standarde kënne briechen. An de Ceta hat de Malheur, dass en an dee Pak do mat era geschloss ginn ass.“

Um Enn gouf de Gesetzesprojet iwwert d'Ratifikatioun vum Ceta mat 31 Jo-Stëmmen ugeholl. 8 Deputéiert waren dogéint an d'CSV, déi inhaltlech wuel fir de Ceta ass, huet aus Protest um Zäitpunkt vum Debat net matgestëmmt.

Kritesch Reaktioun vum Mouvement Ecologique

Vun engem schwaarzen Dag fir eng nohalteg Handelspolitik an fir d'Demokratie, schwätzt de Mouveco an engem Schreiwes, deen e Freideg publizéiert gouf. Kritesch wier een net just, well de Vott zu engem Zäitpunkt gewiescht wier, wou d'Demonstratiounsrecht duerch d'Corona-Restriktiounen ageschränkt wieren. D'Zivilgesellschaft hätt eng sëllegen Argumenter an de leschte Joren ervirbruecht, ouni dass d'Politik an iergendenger Form reagéiert hätt oder offe gewiescht wier, fir en Dialog.

Et hätt ee sech gewënscht, dass d'Politik an der Lag gewiescht wier, eng Léier aus der Corona-Kris ze zéien oder op d'mannst bereet gewiescht wier, méi eng laang Zäit driwwer ze reflektéieren.

PDF: Schreiwes vum Mouvement Ecologique

Back to Top
CIM LOGO