
De Gilles Roth (CSV) krut mat 3.374 Stëmmen déi meeschten zu Mamer. Dohannert kommen de Luc Feller (2.739) vun der CSV an de Roger Negri (2.334) vun der LSAP. Beschtgewielt bei deene Grénge gëtt d’Deputéiert Djuna Bernard (1.501), bei der DP ass et de Sven Bindels (955).
D’Deputéiert Francine Closener kënnt op déi zweete Plaz bei der LSAP, dat mat 1.753 Stëmmen.