Um Walsonndegowend, de 14. Oktober ass dem Frank Engel kloer ginn, datt hie wéilt eng Hand mat upaken, datt e wéilt CSV-President ginn. Well do, wou d'CSV elo gelant ass, kéint se net bleiwen, sot den neie President vun der CSV e Méindeg de Moien op Radio Lëtzebuerg. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
De Frank Engel wëll d'Partei nei positionéieren, d'CSV misst nees Sujeten thematiséieren, déi ee villäicht an der Vergaangenheet e bësse vergiess hat. Klassesch Sujete wéi d’Finanze wieren zwar immens wichteg, mä géifen d’Leit, also d’Wieler, net onbedéngt begeeschteren.
"Mir sinn Oppositioun a mer mussen a wäerten eis och behuele wéi eng Oppositiounspartei. Et gëtt keen unanimme Support am Land fir déi momentan Regierung. Villes wat se maachen, mécht kee Sënn, an dat wäerte mer uschwätzen. Mat enger klorer Sprooch", sot de Frank Engel.
Hie krut e Samschdeg um Kongress 54% vun de Stëmmen, 46% wollten éischter de Serge Wilmes. Hie wëll hie mat abannen. Wéi, dat misst ee kucken. Déi "visibel" Plaze sinn awer all verginn. Hie kann dem Serge Wilmes zum Beispill net d'Vizepresidence offréieren, dat gesinn d'Statuten net vir. Et géif een an hirer Partei all déi Posten zum selwechte Moment wielen. De Frank Engel kéint sech och virstellen, datt een als President géif de Generalsekretär proposéieren, esou wéi d'CDU dat mécht.
De Frank Engel ass jo nach Europadeputéierten zu Stroossbuerg, hie wäert awer net méi mat an d’Europawale goen. Iwwer méiglech CSV-Kandidate konnt hien nach näischt soen. Hien hätt nach net mat Leit geschwat. E Méindeg eréischt fänken déi Gespréicher un. D'Europawale sinn de 26. Mee. D'Lëschte mussen zwee Méint virdrun deposéiert sinn.
E Méindeg de Moie war deen neien CSV-President eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.