Nodeems d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer en Dënschdeg bei eis als Invitée vun der Redaktioun kritiséiert hat, datt vill Gesetzesverstéiss keng Suitte duerch d’Justiz kriten, huet d’Procureur général d’Etat Martine Solovieff op der Neijoerschreceptioun vun der Justiz confirméiert, datt et an der Magistratur a bei der Police judiciaire massiv u Leit feelt.
De Constat, datt et u Leit feelt, wier alles anescht wéi nei, esou déi fréier gréng Justizministesch Sam Tanson. Ma och wann de Ressort vun 2013 bis 2023 an der Hand vun hirer Partei war, läit d’Schold um Personalmanktem der Presidentin vum grénge Groupe parlamentaire no bei aneren.
“Ech wëll lo keng Vergaangenheetsbewältegung maachen, fir ze soen, vu wou de Problem da lo genau hierkënnt, mee op alle Fall wäert ech mer net soe loossen, datt ech blockéiert hätt, fir méi Posten ze schafen. Am Géigendeel, ech hunn ëmmer dofir gekämpft, an ech hunn dat heiansdo géint d’Koalitiounspartner maachen, fir duerchzesetzen, datt um Niveau vun der Justice méi géing rekrutéiert ginn.”
Den CSV-Deputéierten a President vun der parlamentarescher Justizkommissioun Laurent Mosar fënnt net, datt an deene leschte Jore vill bei der Justiz geschitt ass a kommentéiert d’Ausso vum Sam Tanson esou:
“A lo héieren ech, well ech zoufälleg hei dobäistoung, datt d’Madamm Tanson gesot huet, si wier net viru komm, si wier och zum Deel do un de Koalitiounspartner gescheitert. Ech muss soen, dat ass awer extrèmement grave. Dat heescht, do sinn iwwer Jore keng Leit agestallt ginn, well a fréiere Regierungen ee sech net eens war, datt een dat misst maachen.”
Anescht ënnert der aktueller Justizministesch Elisabeth Margue, déi ee Gesetz fir zousätzlech Rekrutementer an d’Chamber bruecht hätt.
No der Chamberkommissioun huet déi fréier gréng Justizministesch Sam Tanson eng Partie Explikatiounen op hirem Facebook-Kont nogereecht:
Fir de Piraten-Deputéierte Sven Clement ass eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen de Schlëssel am Kampf géint de Personalmanktem.
“Mir mussen natierlech um Rekrutement schaffen, mir mussen op der Formatioun schaffen a mir mussen dru schaffen, datt déi Leit, déi mer forméieren, dann och do bleiwen an net fréier oder spéider an eng besser remuneréiert Privatwirtschaft wiesselen, wou se vläicht fir dat nämmlecht Geld oder méi Geld manner musse schaffen. An dat ass de groussen Challenge, datt mer eng attraktiv Fonction publique esouwuel bei der Magistratur wéi och bei der Police schafen.”
Ouni méi Leit géingen aner annoncéiert Mesuren, wéi zum Beispill d’Auswäite vun de sougenannte Mini-Instruktiounen, ze kuerz gräifen.
Vun der Justiz heescht et, et kéint een net all kleng Infraktioun suivéieren, mee et géing ee sech op déi grave Affäre konzentréieren. Fir den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana ass absolut nozevollzéien, datt zum Beispill Verstéiss géint d’Heescheverbuet net ganz uewen op der Prioritéitelëscht stinn.
“Dat sinn effektiv Elementer, déi vläicht an engem Stadbild als stéierend empfonnt ginn, et sinn awer net Saachen, wou lo ee per se een an Onsécherheet ass oder wou et eng potenziell Victime gëtt. An dofir ass et wichteg, datt nieft der Police och d’Justiz een Accent op déi Poursuitte setzt, wou wierklech d’Sécherheet an d’Biergerinnen a Bierger a Gefor sinn.”
Den Dan Biancalana ënnersträicht awer och, datt an deene leschte Jore vill gemaach gi wier, fir Leit anzestellen, zum Beispill duerch d’Schafe vun der Karriär vum Référendaire de justice. Och wieren d’Rekrutéierungskrittäre fir nei Magistraten ugepasst ginn.
Den ADR-Deputéierten Dan Hardy verweist iwwerdeems op de President vum Verwaltungsgeriicht, Francis Delaporte, deen an der parlamentarescher Justizkommissioun gesot hätt, d’Alarmklacke géinge lauden, well d’Delaie ëmmer méi laang géinge ginn.
“Dofir si mir higaangen an hunn, esou wéi den Här Delaporte dat gefuerdert huet, eng speziell Juridiktioun fir Asyl- an Immigratiounsfroe proposéiert. Hien huet nämlech an der Kommissioun gesot, wa mer déi bis hunn, da kréie mer rëm Loft fir aner Affären. Mee bon, mir hunn als ADR eng Motioun gemaach, déi leider net op Zoustëmmung getraff ass.”
Och wann d’Usätz vun der Regierung gutt wieren, géing ee sech bei der Oppositiounspartei nach méi konkret Mesurë wënschen.