
Den 29. Abrëll gouf et eng Cyberattack op Tarkett. De franséische Foussbuedemhiersteller huet e Centre de Recherche zu Wolz an eng Produktiounsunitéit zu Lenzweiler. En Deel vun den deeglechen Aarbechte wier vun dëser Hackerattack beaflosst, gëtt e Spriecher vun der Entreprise am Paperjam zitéiert. Et géif sech ëm de selwechte Genre vun Attack handelen, déi och schonn de Cactus déi leschten Deeg beaflosst huet.
Eng Prezisioun, wat genau ausgefall ass, gouf et net.