SNECycle 1 zou loossen

RTL Lëtzebuerg
Déi geplangten Ouverture vun de Klassen am Fondamental polariséiert weider.

Den SNE freet sech, ob een Opmaache vun de Klassen am Cycle 1 zu dësem Ament an ënnert den aktuelle Konditiounen ubruecht ass. D'Gewerkschaft gehäit d'Fro op, ob duerch de rapprochéierten, enke Kontakt den Infektiounsrisk souwuel fir d'Kanner, grad wéi och fir d'Enseignanten net géif onnéideg eropgoen.

Fakt wier, datt duerch d'Verloosse vum Confinementsgrupp no Schoulschluss déi kleng Kanner sech géife vermëschen, potentiell kéint sech also de Virus bei enger Infektioun vun engem Confinement an en aneren iwwerdroen - et kéint dem SNE no, zu enger reegelrechter Infektiounschaîne kommen.

D'Gewerkschaft ass dofir der Meenung, datt een dee Risk net dierft agoen an, datt duerfir de Cycle 1 misst zou bleiwen.

PDF: Schreiwes SNE/CGFP - Ass eng Reouverture vum Cycle 1 zu dësem Moment an zu dëse Konditiounen ubruecht?

Back to Top
CIM LOGO