
Kuerz no 18 Auer e Mëttwoch sinn e Cyclist an en Trakter an der Rue du Cimetière zu Monnerech net laanschtenee komm. De Cyclist gouf dobäi blesséiert a vum Samu vun Esch versuergt, éier hie mat schwéiere Blessuren an d’Spidol koum. Och op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Monnerech an d’Ambulanciere vum SaDiff. Wéi d’Police schreift, goufen de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz geschéckt.
D’Rettungsdéngschter aus der Stad goufe géint 19.20 Auer op de Boulevard Robert Schuman geruff, nodeems hei e Motocyclist mat sengem Gefier gefall war. Eng Persoun gouf verwonnt.
Iwwerdeems hat et op e puer Plazen uechter d’Land gebrannt. Zu Schëffleng gouf et géint 18 Auer e Feier op engem Feld an der Rue d’Anvers, der Stad hat Holz Feier gefaangen an um Boulevard de Verdun stoung eng mobil Toilette a Brand.
Um Donneschdeg mellt de CGDIS dann zwee weider Cyclisten, déi bei Accidenter blesséiert goufen. An der Val Ste Croix an der Stad gouf ee Cyclist géint 8.30 Auer ugestouss a verwonnt. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz. Um CR309 tëscht dem Hareler Poteau an Harel gouf e weidere Cyclist bei engem Accident blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vu Wolz an d’Pompjeeë vu Bauschelt.