
Nieft dem Samus-Noutdokter war och nach d’Réimecher Ambulanz op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Mutfert.
Tëscht Gréiwels a Groussbus ass en Dënschdeg kuerz no 2 Auer en Auto accidentéiert. Och dobäi gouf eng Persoun blesséiert. D’Secouriste vu Groussbus an aus der Nordstad waren am Asaz.
2 Blesséierter gouf et e Méindeg géint 18.30 Auer um Sennengerbierg, wéi an der Route de Trèves 2 Autoen net laanschtenee komm sinn. Zwou Ambulanzen aus der Stad an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen goufen op d’Plaz geruff.