Et misst een d’Leit froen, ob se den 1-Millioun-Awunnerstaat wéilten. Am Beschten iwwert e Referendum, soudass am Virfeld dovunner eng breet gesellschaftlech Debatt doriwwer entstoe géif. Am Fall wou d’Leit sech géint den 1-Milliounen-Awunner-Saat decidéiere géifen, kéint een eventuell kucken, d’Neierloossungsrecht zu Lëtzebuerg ze beschränken. Dofir misst een allerdéngs mat Bréissel negociéieren.
Bei der Sécherheet setzt d’ADR op méi Police a méi Kontroll op de Grenzen, zum Beispill iwwert automatesch Placken-Erfaassung. Et stéing een awer trotzdeem zu oppene Grenzen. Gläichzäiteg missten Net-Residentë bei Strofdoten d’Land verloossen. D’ADR kritiséiert och e Manktem un Transparenz bei de Police-Statistiken a versprécht, sech fir méi Transparenz anzesetzen.
Eng breet Steierreform gesäit d’Partei an noer Zukunft net, dofir wieren aktuell keng finanziell Mëttel do. Eng punktuell Entlaaschtung kéint ee sech allerdéngs virstellen.
D’ADR trëtt am Oktober an alle Walbezierker un, national Spëtzekandidate sinn de Parteipresident Fred Keup an de Fernand Kartheiser.
