"Dag vun der Fräiheet"D'ADR wëll, datt all d'Covid-Mesuren op den 1. Mäerz opgehuewe ginn

RTL Lëtzebuerg
"Fir Lëtzebuerg soll den 1. Mäerz 2022 den Dag vun der Fräiheet sinn", sou d’Partei mat 4 Deputéierten an engem Communiqué um Mëttwoch.

Der ADR no wieren déi aktuell sanitär Entwécklunge berouegend. D’Infektiounen duerch den Omikron hätte bal ëmmer en harmlose Verlaf, d’Zuel vun Hospitalisatioune wier trotz de ville Covid-Infektiounen op engem niddregen Niveau an an allen Alterskategorië léich den Impftaux bei wäit iwwer 80%. Gläichzäiteg wier déi gesellschaftlech Situatioun awer ugespaant, notamment wéinst der Perspektiv vun enger Impfflicht, sou d’ADR.

Interview vum Fernand Kartheiser

Dowéinst misste fir déi konservativ an identitär Oppositiounspartei am neie Covid-Gesetz all d’Kontrollen opgrond vum Impfpass ofgeschaaft ginn, genee sou wéi den 3G op der Aarbecht oder nach d’Restriktiounen am private Beräich am Horeca, am Sport an an der Kultur.

D’ADR schreift um Schluss, datt d’Leit selbstverständlech weiderhi solle virsiichteg sinn, wa méiglech Ofstand halen, Masken undoen, wou et Sënn mécht oder nach sech impfe loossen. Mee op fräiwëlleger Basis. “Fräiheet heescht ëmmer och Verantwortung”, sou d’ADR, déi wëll, datt d’Liewen nees komplett normaliséiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO