TemoignageD'Affer vun der Polio fille sech eleng gelooss

Dan Wiroth
D'Poliomyelitis, méi bekannt als Kannerlämung hat an de 50er Jore vum leschte Joerhonnert fir vill Angscht a Misär gesuergt. Och haut ginn et nach Fäll.
D'Affer vun der Polio fille sech eleng gelooss
D’Poliomyelitis, méi bekannt als Kannerlämung hat an de 50er Jore vum leschte Joerhonnert fir vill Angscht a Misär gesuergt. Och haut ginn et nach Fäll.

Europa gëllt zwar zënter 2002 als Polio fräi, ma d’Affer vun deemools gëtt et nach ëmmer

Mir schwätze mam fréiere Procureur vun Dikrech iwwer seng Krankheet. De Jean Bour gouf am Joer 1956 am Alter vu 14 Joer mam Poliovirus ugestach. Haut 67 Joer duerno muss hien nach ëmmer mat sengem Handicap eens ginn.

Awer och d’Josée Thill huet de Virus 1952 erwëscht. Och si spiert haut ëmmer nach d’Suitte vum Poliovirus. De Post-Polio-Syndrom huet haut d’Kontroll vun hirer Gesondheet iwwerholl.

D’Kannerlämung ass nach net definitiv verschwonnen

Am Afghanistan, am Nigeria an am Pakistan gëtt et ëmmer erëm nei Fäll vu Polio. Och an Europa koum et nach zu vereenzelte Fäll vu Kannerlämung zënter 2002. Am Ofwaasser vu London an New York goufe rezent Spuere vum Poliovirus fonnt.

RTL News: Rappell fir Basis-Impfungen: D’Santé warnt virun der Infektiounskrankheet Polio

Back to Top
CIM LOGO