Luxembourg Science CenterD'Aktivitéit vun der sarl GGM11 soll an d'asbl vum LSC integréiert ginn

Monica Camposeo
Dat huet den Educatiounsminister confirméiert a betount, dass dat awer net heescht, dass d'Privatfirma vum Nicolas Didier komplett soll iwwerholl ginn.

D’Aktivitéit vun der sarl GGM11 soll an d’asbl vum Luxembourg Science Center integréiert ginn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch confirméiert an dobäi betount, dass dat awer net heescht, dass d’Privatfirma vum Nicolas Didier komplett soll iwwerholl ginn. D’Detailer géingen nach ausgeschafft ginn, ma notamment soll d’Personal iwwerholl ginn.

Chambercommissioun zum Dossier Science Center/ Reportage M. Camposeo

En Dënschdeg de Moie war an der Chamberkommissioun en Echange mam Minister iwwer d’Analyse vun der Inspection générale des finances zum Fonctionnement vum Science Center. Den Educatiounsministère hat d’Konventiounen an d’Finanzement fir de Science Center gekënnegt, nodeems finanziell Ongereimtheeten am Fonctionnement vum LSC public goufen.

Den Hannergrond: Den Nicolas Didier huet als Direkter a President vum Conseil d’Administration vum Science Center seng eege Firma GGM11 beoptraagt, Aarbechte fir de Science Center ze maachen. An engem rezente Rapport, deen um Dënschden an der Kommissioun diskutéiert gouf, huet d’Inspection générale des finances (IGF) festgehalen, dass de President vum Science Center, den Nicolas Didier, gläichzäiteg Prestataire, Client a Salarié wier. A seng Privatfirma GGM11 exklusiv fir den LSC geschafft huet.

Den Educatiounsministère hat Propos gemaach, ënnert wéi enge Konditiounen eng nei Zesummenaarbecht kéint fonnt ginn, fir d’Aktivitéit vum Zenter ze garantéieren. D’Propose fir d’Firma GGM11 an d’asbl vum LSC ze integréieren, esou wéi dass an Zukunft och Member vum Staat am Conseil d’Administration solle vertruede sinn, wiere Konditiounen, déi antëscht vun de Vertrieder vum Science Center géingen acceptéiert ginn, esou den Educatiounsminister.

Claude Meisch

Weider Ongewëssheete fir d’Deputéiert

Wéi eng Roll den Nicolas Didier, nach-Direkter vum Science Center an Haaptpersonnage vun de finanziellen Ongereimtheeten, an der neier Gouvernance soll spillen, bleift awer onkloer. D’CSV-Deputéiert Diane Adehm bedauert, dass den Educatiounsminister Claude Meisch op d’Fro vun der Vertrauensbasis dem Nicolas Didier géintiwwer keng konkret Äntwert konnt ginn.

Extrait 1

Et wier een iwwerrascht, dass de Nicolas Didier no senger Virgeschicht an trotz sengen iwwer 70 Joer nach kéint en Aarbechtskontrakt mam LSC kréien, esou d’CSV-Deputéiert Diane Adehm an de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Doriwwer eraus huet d’Diane Adehm ervirgehuewen, dass am Rapport vun der IGF drasteet, dass ee sech net sécher wier, ob een alleguerten déi noutwenneg Informatioune kritt hätt. Dozou géingen och nach zousätzlech Finanzauditte gemaach ginn.

Diane Adehm

D’Informatiounen, déi de Minister an der Kommissioun ginn huet, hätten déi eng oder aner Fro beäntwert, mee awer och ganz nei Froen opgeworf, kritiséiert d’Oppositioun.

“E perséinlechen Echec fir den Educatiounsminister”

Den Educatiounsministère géing eng grouss Volontéit weisen, fir de Science Center ze retten, huet de Sven Clement no der Kommissiounssëtzung fonnt. “Et wier, mengen ech, e grousse perséinlechen Echec och vum Educatiounsminister wann de Science Center elo misst ophalen.”

Extrait 2

Et kéint dofir sinn, dass de Ministère en Incentive hätt, fir méi Moyenen anzesetzen, wéi d’Oppositioun géing erwaarden. Et misst een oppassen, dass dat wat d’IGF geschriwwen huet, och agehale gëtt. Op deem Punkt waren sech d’Diane Adehm an de Sven Clement eens. Et dierft kee Risiko vu perséinlecher Beräicherung beim Nicolas Dider ginn. A wann esou e Risk och nëmme minimal besteet, wier all Accord inakzeptabel, huet de Piraten-Deputéierte Sven Clement betount.

Doriwwer eraus stelle sech fir de Sven Clement froen zu de Prozeduren, ëmmerhi geet et an dësem Dossier och ëm Steiersuen. Zum Beispill ass d’Fro opkomm, ob iwwerhaapt e Gesetz muss gemaach ginn am Fall vun enger neie Konventioun. Heizou d’Erklärunge vun der CSV-Deputéierten Diane Adehm:

Extrait 3

D’Deputéiert erwaarden sech net, dass den Dossier Science Center an dëser Legislaturperiod nach emol an der Chamber diskutéiert gëtt. D’Oppositioun wëll den Dossier weider am A behalen. De Minister Claude Meisch huet sech nämlech op Nofro hin zouversiichtlech gewisen, dass nach rechtzäiteg eng nei Konventioun géing fonnt ginn. D’Detailer missten nach gekläert ginn, mee iwwer d’Eckpunkten, wéi eben d’Integratioun vun der sarl GGM11 an d’asbl Science Center, wier een sech eens.

Extrait 4

Ouni nei Konventioun an deementspriechend ouni nei staatlech Subventioune kann den LSC just nach bis den Hierscht funktionéieren, duerno ginn dem Science Center d’Suen aus.

Back to Top
CIM LOGO