De CGDIS melltDamp, Feier, 4 Blesséierter a 5 Accidenter um Freideg

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum nationale Rettungsdéngscht haten am Laf vum Freideg all Hänn voll ze dinn. Bei 7 verschiddenen Tëschefäll sinn am Ganze 4 Persoune blesséiert ginn.
© Jeannot Ries

Kuerz viru Mëtteg hat an der Rue de l'Innovation op der Kockelscheier e Container gebrannt. D'Stater Pompjeeën hat d'Flame séier am Grëff.

Géint 13:30 Auer war et op der Escher Autobunn A4 a Richtung Stad zu engem Accident komm. Tëscht Leideleng an dem Zéissenger Kräiz waren dräi Gefierer matenee kollidéiert. D'Pompjeeë vu Monnerech an d'Ambulanz vun Diddeleng hu sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Um 15:20 Auer waren op der Tréierer Autobunn A1 a Richtung Lëtzebuerg e Camion an e Moto aneneegerannt. Bei dësem Accident tëscht dem Tunnel Houwald an dem Gaasperecher Kräiz blouf et beim Materialschued.

Ëm déi selwecht Zäit war en anere Motocyclist tëscht Mecher a Wäicherdang gefall. Nieft dem Rettungshelikopter vun der Air Rescue waren och d'Pompjeeë vu Clierf a Kiischpelt, grad esou wéi d'Ambulanz vu Clierf op der Plaz, fir nom blesséierte Chauffer ze kucken.

Tëscht Groussbus a Bëschrued war kuerz virun 15:30 Auer en Automobilist an e Bam gerannt an huet sech dobäi blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeë Groussbus an d'Ambulanz aus der Nordstad.

Wéineg méi spéit gouf zu Schëffleng an der Rue A. Kayser Damp an engem Appartement gemellt. D'Pompjeeë vu Schëffleng an Esch, grad esou wéi d'Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.

Géint 16:44 Auer war et dann nach op der Escher Autobunn A4 a Richtung Esch en Accident am Chantiersberäich, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Monnerech an d'Escher Ambulanz.

Back to Top
CIM LOGO