
De Chiffer vun engem Jeton de présence ass vu Gemeng zu Gemeng verschidden a variéiert, enger Lëscht aus dem Inneministère no, tëscht 11 Euro zu Leideleng a Wuermer bis zu 55 Euro zu Péiteng an Déifferdeng, wann d'Sëtzung vum Gemengerot méi laang wéi 5 Stonnen dauert.
Mat Diddeleng an engem Jeton vu 35 Euro pro Sëtzung ass eng weider Minett-Gemeng am viischten Deel vum Ranking vun de Präsenz-Jetonen.
Interessant ze notéieren ass, datt grouss Gemenge wéi d'Stad an Esch dem Inneministère net matgedeelt hunn, wat si hiren Conseillere fir eng Sëtzung am kommunale Conseil bezuelen.
Och aus der Gemeng vum Inneminister, also Gréiwemaacher, leie keng Indikatiounen iwwert d'Héicht vum Jeton fir d'Conseillere fir. D'parlamentaresch Fro hat de Piraten-Deputéierte Marc Goergen dem Léon Gloden gestallt.