Am Resistenzmusée zu Esch ass de Präis en Dënschdeg un den Daniel Thilman gaangen. D’Claudia Kollwelter huet am Virfeld vun der Präisiwwerreechung mam Historiker iwwert seng Aarbecht an d’Auszeechnung geschwat:
D’Wierder hunn dem Daniel Thilman gefeelt den Dag, wou en d’Nouvelle krut, datt hien dëst Joer de René Oppenheimer Präis kritt. En hätt guer net domat gerechent an ass awer natierlech frou driwwer. Ausgezeechent gouf en engersäits fir säin Engagement als Historiker a Fuerscher, mee net just:
“Am Kader vun engem Engagement vun enger ASBL zu Munneref, déi sech nennt Frënd vun der aler Synagog vu Mondorf, déi am Fong als Missioun huet, déi al Synagog mat kulturellem Liewen ze fëllen, an dann drëtt och meng Missioun als Enseignant, Geschichtsprofesser am Diddelenger Lycée.”
“Ech denken, dass et virun allem eng Unerkennung ass fir déi Aarbecht, déi bis elo gemaach ginn ass, a mengem Fall och elo stellvertriedend, muss ee ganz éierlech soen, och fir déi Leit an den Associatiounen, well ech hunn och virdrun an aneren Associatioune matgeschafft, déi am Beräich vun dem Gedenken, Opschaffe vun der Shoah, täteg waren. An da muss een awer och soen, a mengem Fall gesinn ech et och elo e bëssen als Encouragement, fir ze soen, dat wats de gemaach hues, bis elo ass dat Richtegt an awer och op deem Wee weiderfueren.”
E konkrete Projet, un deem den Daniel Thilman zanter 2022 mam C2DH vun der Uni Lëtzebuerg schafft, ass dee vum “Memorial digitale de la Shoah”. Mat Hëllef vu Biografië sollen déi Leit, déi virum oder wärend dem zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a wärend der Shoah verfollegt goufen an hirem ganze Liewen duergestallt ginn an net just Nimm op enger Lëscht sinn.
“Et geet drëm ze weisen, wéi déi Leit an där Zäit, wou se op Lëtzebuerg migréiert sinn, déi eng éischter, déi aner e bësse méi spéit, wéi se zu Lëtzebuerg agebonne waren, wat hir Beruffer waren, wat hir Ausbildung war, wéi se am kulturelle Liewen engagéiert waren, wéi se am sportleche Liewen engagéiert waren, mir hunn da fonnt, déi ware politesch engagéiert. Dorëms geet et elo mol.”
D’Informatioune kréie se aus ënnerschiddlechen Archiven oder andeems Kontakt mat Familljen opgeholl gëtt. Aktuell sinn 143 Biografien online, wouvun den Daniel Thilman der ronn 18 geschriwwen huet:
“Den Opwand, dat geet heiansdo vun, soe mer elo emol dräi, véier Deeg Recherche -Aarbecht, wou s de an den Nationalarchiven, frieme Police -Dossier consultéiert ass an dann duerno aner wéi e-Luxemburgensia fir al Zeitungen, als Artikelen ze fannen, respektiv och emol heiansdo Méint, wou een dann d’ Recherche ënnerbrécht, eng Kéier leie léisst, fir sech vläicht vläicht ze fokusséieren op aner Plazen, ufänkt mat sichen.”
De Projet leeft elo mol bis 2026. De Site bleift awer natierlech dono och online.
“Et ass och geduecht effektiv als eng Aart Enzyklopedie, dass ee kann noschloen, wuelgemierkt, et ass jo net nëmmen op Lëtzebuerg gemënzt, et ass jo an dräi Sproochen, dass wierklech weltwäit d’Leit kënnen Informatiounen noschloen. An dann ass et awer och virun allem geduecht, dass Familljen, Familljen nokommen, drëtt, véiert Generatioun, respektiv och emol vläicht fréier Noperen, dat hate mer och schonn Informatioune sichen, eng Plaz fannen, also eng Plaz hunn, wou si d’Informatioune kënne fannen.”
De Präis René Oppenheimer ass iwwregens mat 2.500 Euro dotéiert. Vun deene Sue sollen dem Daniel Thilman no verschidden Associatiounen profitéieren.